Schnéi-Update: E puer Zentimeter, mee och Glëtz net ausgeschloss

An der Nuecht erreecht eis d’Kalfront, un déi mir eis zanter Hellegowend schonn erugetaascht hunn. Schnéi a Wand sinn ze erwaarden, e bësse Glëtz ass lokal awer och net onméiglech.

Advertisement

En Ëmschwong steet virun der Dier

Zanter Hellegowend hu mir eis schonn lues a lues un d’Kalfront erugetaascht, déi eis elo schlussendlech an der kommender Nuecht (op den Donneschden) erwaart. Se geet vun engem Randdéif aus, wat mat sengem Kär vun de britteschen Inselen aus iwwert d’Nordséi, Ostséi a schlussendlech Westrussland zitt. Se suergt fir e Loftmassewiessel, deen engersäits a Reen esouwéi och Schnéi resultéiert – anerersäits zielen de Wand mee awer och d’Warscheinlechkeet vu Glëtz dozou.


Den Duerchzuch vun der relevanter Kalfront | Animatioun: wxcharts.com

Vum Sonnden u gerode mir erëm ënner méi mëll Loftmasse, well mir dann op déi viicht Säit (Vorderseite) vun engem neien Déif geroden.

De fréie Verlaf & kleng Warscheinlechkeet vu Glëtz

An Tëschenzäit si mir aus dem Dauerfrigo erauskomm, an dem mir elo zanter dem 29. Dezember sutzen. Aktuell (15:30 Auer) ginn an der Nordhallschent tëscht 0 a 4 Grad gemooss, am ganze Rescht vum Land sinn et meeschtens 2 bis 5 Grad. Och op eisen Autobunne mellen d’CITA-Statiounen Wäerter vun tëscht 2,3 an deels 4,7 Grad, d’Stroossentemperatur ass och mëttlerweil ze héich fir nach fraschteg ze sinn. Bis an de spéideren Owend eran wäerte mir keng grouss Temperaturännerungen erliewen, et ass eréischt ëm Mëtternuecht wou se erëm méi däitlech falen. De geneeën Zäitpunkt hänkt dovun of, wéi séier d’Front tatsächlech virukënnt.

Vun dësem Zäitpunkt un ginn och d’Nidderschléi méi warscheinlech. Sollten d’Temperaturen op Buedemhéicht awer schonn éischter bis an de Minus falen, iwwerdeems et duerch déi méi waarm Loftschichten driwwer ëmmer nach primär reent, da kann et duerchaus mol zu Glëtz kommen. Normalerweis sollt et keng verbreet Geschicht sinn, mee et ass op alle Fall net ausgeschloss. Anescht wéi am Update vu gëschter hunn d’Modeller den Zäitpunkt, un dem sech de Reen zu Schnéireen a Schnéi ëmwandelt, vu virdrun 2 op ronderëm 5 Auer verréckelt.

Wat de Wand betrëfft, ass iwwer Nuecht bis muer de Moie géint 5 Auer mat Vitesse vun tëscht 40 a 60 km/h an de Spëtzten ze rechnen, deels sinn awer och ëm 70 km/h net ausgeschloss.

De weidere Verlaf, Schnéischauere kommen an d’Spill

D’Schnéifallgrenz fällt vu 5/6 Auer un op tëscht 400 a 500 Meter – et kënnt op dëse Plazen also zu Schnéi- a Schnéireen. Déi Géigenden, déi drënner leien, gesinn haaptsächlech Reen. An de Stonnen drop geet d’Schnéifallgrenz weider zréck, e Minimum vun 250-300 Meter ass méiglech. Iwwerdeems ass domat ze rechnen, dass eis d’Nidderschléi vun der Front nach entweder bis an d’Mëttesstonn oder och bis an de fréie Nomëtten eran erhale bleiwen.


Déi berechent Schnéihéichten bis muer de M!etten laut ARPEGE-Modell | Grafik: wxcharts.com

Heescht: Well d’Schnéifallgrenz am Laf vun de Stonne progressiv, vum Norden an de Süden, zréckzitt, kënnt et am Norde logescherweis am längsten zu wanterleche Nidderschléi. Et ass also op e Neits esou, dass d’Chancen fir eng Schnéicouche op de Koppen am héchste sinn. Déi aktuell Modeller rechne mat tëscht 1 a 4 cm, deels wieren och ëm 5 cm net ausgeschloss. Eenzel Modeller rechne mat méi – mee mir maachen et wéi ëmmer a waarden dann den tatsächleche Verlaf of. Aktuell gesäit et awer éischter dono aus, wéi wann mir ënnert der Warnschwell géife bleiwen. Wa se iwwerschratt gëtt, dann tendenziell erëm laanscht déi belsch Grenz am héije Nordwesten a Norden.

Och op anere Plazen am Land, mee net iwwerall, kann et kuerzzäiteg bësse wäiss ginn. Vun engem dënne Flom bis hin zu 1 oder fläit och engem zweeten Zentimeter si net onméiglech. Och hei heescht et, den tatsächleche Verlaf ofzewaarden. Eng immens Schnéi-räich Situatioun gëtt et, egal wou, souwisou net.

Och nom Ofzéie vun der Front kënne nach e puer vereenzelt Schaueren optrieden, mat e bësse Chance luusst d’Sonn awer och mol duerch.