Déi éischt Schnéischaueren hunn d’Land erreecht, aus der Belsch erreecht eis elo geschwënn e méi groussflächegt Gebitt mat weiderem Schnéi. Mir kucken eis un, wat bis e Samschde nach méiglech ass.
Advertisement
Scho gëschter éischt Flacken
Gëschter Owend, 19.11.2024, huet et op den héchste Koppe vum Land schonn eng éischt Kéier fir d’Saison geschneit, beispillsweis zu Heischent. Laang huet et awer net gedauert an et ass och net esou wierklech eppes leie bliwwen. Haut den Owend hu sech awer e puer Schnéischaueren iwwert der Belsch entwéckelt, déi schonn iwwer Deeler am Norden esouwéi och am Süden gewisen hunn. En dënne Flom weist sech op éischte Fotoen.
Wa mir op de Wiederradar blécken, da gesi mir, wéi sech en Déifdrockgebitt aus der Belsch an Holland a Richtung Däitschland verlagert. Bis de Mëtte ware nach déi meescht Modeller der Meenung, dass de Gros vun dësem Nidderschlagsgebitt géif nërdlech un eis laanschtgoen. D’Owesmodeller an och Radarbiller weisen awer, dass dëst Gebitt méi südlech wéi geplangt kéint zéien. Doduerch ass d’Warscheinlechkeet fir déi éischt nennenswäert Schnéiquantitéite vun der Saison elo erhéicht.
D’Berechnungen aus 13 Modeller besoen, dass eis am Nordweste vum Land tëscht 0,46 an 2,84 cm Schnéi géifen erwaarden, am Süden wier et just tëscht 0 an 0,88 cm. Gi mir awer vun dem aktuellen méi südlechen Trend vum Nidderschlagsgebitt aus, da kënne sech och méi héich Zomme weisen, wann alles bleift wéi aktuell. Quantitéite vun ëm 5 cm wieren am Norde net ausgeschloss, déi optimisteschst Berechnunge ginn a Richtung 7 cm un der belscher Grenz – dëst ass awer éischter onwarscheinlech. An der Südhallschent bestinn déi nidderegst Chancen op Schnéi laanscht d’Musel (ausgeschloss ass et awer net), a Richtung zentral Mëtt vun der Südhallschent esouwéi och westlech Südhallschent ginn héchstens 2 cm bis muer de Moie berechent.
Wéi et genee kënnt, musse mir einfach per Radar am Aen halen.
Weider Méiglechkeete fir en Donneschden
Muer um Donneschden zitt e Randdéif südlech u Lëtzebuerg laanscht a bréngt fir Deeler vu Nordfrankräich signifikante Schnéifall. Zwar sinn déi meescht Modeller der Meenung, dass d’Schnéifallgebitt eist Land net wäert erwëschen – eenzelner wëllen et trotzdeem net ausschléissen. Kënnt et zu enger änlecher Situatioun ewéi haut, da ka sech spontan nach e bëssen eppes drun doen.
SOLLT sech eng méi nërdlech Zuchbunn aleeën, da géif am äussere Süde vum Land erëm den een oder aneren Zentimeter an de Beräich vum Méigleche récken.
E Freide kënnen dagsiwwer am Land verdeelt weider eenzel Schnéischaueren optrieden, e Samschde geet d’Warscheinlechkeet zréck. Vum e Sonnden u klammen d’Temperaturen erëm op iwwer 10 Grad.