Schnéi-Update fir e Méinden: Modeller mat groussflächegem Schnéifall bis ganz erof

Zanter gëschter gëtt fir e Méinden en Déifdrockgebitt berechent, wat eis groussflächege Schnéifall bis ganz erof kéint bréngen. Am Verkéier misst een dann deemno wéi e bësse méi Zäit mat arechnen.

D’Situatioun

Fir e Méinde kënnegt sech eng immens spannend Wiederlag un. D’Modeller rechnen domat, dass sech vun de britteschen Inselen aus en Déifdrockgebitt a Richtung Nordfrankräich beweegt. Zur selwechter Zäit ginn eis ëmmer méi kal Loftmassen zougespillt, déi sech ronderëmt e weidert Déif iwwert dem Baltikum wéckelen. Iwwert dëse Wee soll, esou gesinn et d’Modeller, de Groussdeel vun de Nidderschléi als Schnéi erofkommen, an dat net nëmmen op de Koppen. Et gëtt awer nach e klenge Punkt ze bedenken, op deen mir elo aginn.

Wéi genee zitt d’Déif?

Dëst ass eng Fro, déi kann een elo nach net esou richteg beäntferten. Dem amerikanesche Wiedermodell no zitt de Kär knapp nërdlech un eis laanscht, wat bedeit, dass et zwar schneie géif mee net esou vill.


D’Berechnung vum amerikanesche Wiedermodell GFS | Grafik: wxcharts.com

Dem europäesche Modell no zitt de Kär knapp südlech un eis laanscht, esoudass mir am méi kille Beräich leien. D’Schnéihéichte géifen direkt e gréisseren Tick méi héich ausfalen.


D’Berechnung vum däitsche Wiedermodell ICON | Grafik: wxcharts.com

Den däitschen ICON deelt d’Meenung vum europäesche Modell a gesäit d’Déif och knapp südlech laanschtzéien – dëst wier déi ideal Variant fir all d’Wanterfrënn.

De méigleche Verlaf & d’Schnéihéichten

Déi eng Modeller gesinn et schonn vum spéidere Méindevirmëtten un, déi aner réischt fir d’Nuecht op en Dënschden. Mee egal wéi: Aus Westen soll am Laf vum Méinden dat ugeschwaten Déif mat sengem Nidderschlagsgebitt eragezu kommen. D’Nidderschléi géifen direkt als Schnéi falen, an dat bis wäit erof. Wärend e puer Stonne wier och mol méissege bis méi staarke Schnéifall méiglech, deen de Verkéier ka behënneren. Deemno wéi d’Déif zitt, kéinte mir och nach d’Récksäit dovun erwëschen, duerch déi op e Neits Schnéifall ze erwaarde wier. Am Laf vum Dënschde géif et ëmmer méi dréche ginn.

Déi méiglech Schnéihéichten bis den Dënschden, 28. November 2023 laut e puer Modeller, Stand 23. November 2023 19:00:

  • GFS: 1 – 5 cm
  • ECMWF: 4 – 8 cm
  • ICON-EU: 2 – 6 cm
  • UKMO: 1 – 4 cm
  • Swiss-MRF: 3 – 11 cm

Domat géife mir dem momentane Stand no bei duerchschnëttlechen 2,2 bis 6,8 cm landen.

Fazit

De Faktor Positioun vum Déifdrockgebitt entscheed quasi alles. Et gëtt also immens spannend, och fir den Traffic. Météo Boulaide bréngt reegelméisseg Updates zu den Entwécklungen.