Schnéi-Update: Plazeweis ka sech muer eng Couche forméieren

Muer erwaart eis déi ugekënnegt lescht Chance op Schnéi am Joer 2024. Déi bescht Chancen op eng Schnéicouche ginn et op den héchste Koppen.

Advertisement

Et geet am Nordwesten un

Muer um Sonnde starte mir mat mëllen Temperature vun tëscht 3 a 6 Grad an den Dag eran, ier et dann schonn vum Virmëtten u vu Nordwesten hier ëmmer méi kill gëtt. D’Temperature kommen dem Gefréierpunkt séier méi no, am Südoste vum Land dauert et awer nach e Stéck méi laang. Doduerch fänkt de Reen och lues a lues un a Schnéireen an och Schnéi iwwerzegoen. Mëttes an am Nomëtte falen d’Temperaturen och soss am Land weider, esoudass et och do zumindest mol zu Schnéireen ka kommen. Op de Koppe gëtt den Undeel u Nidderschléi, deen a Form vu Flacken erofkënnt, ëmmer méi grouss. D’Schnéifallgrenz läit tëscht 400 a 500 Meter.

Spéidere Verlaf am interessantsten

Wärend d’Stonne vum Nomëtte verginn, geet d’Schnéifallgrenz weider erof. Heescht: Och op anere Plaze kann et ufänke mat schneien. Am Laf vum spéideren Owend/der zweeter Nuetshallschent kënnt d’Kalfront vun engem Randdéif an d’Spill, wat sech vun der Nordséi aus a Richtung Tschechien verlagert. Un dëser Front kënnt et viraussiichtlech zu kräftege Nidderschléi, déi duerch déi niddereg Temperature vun dann tëscht -1 an 2 Grad op ville Plazen als Flacken erofkommen. D’Grenz, wou Flacke méiglech sinn, soll kuerzzäiteg op ëm 250/300 Meter falen. Mee wéi gesot, bedeit dat net direkt och eng Couche. Dës ass méi wäit do uewen am warscheinlechsten: Iwwer 400/450 Meter kann e bësse vum Schnéi leie bleiwen. Tëscht engem dënne Flom bis hin zu tëscht 1 an 3 cm sinn do net onméiglech.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Nidderschléi laut ICON-EU-Modell | Animatioun: wxcharts.com

D’Modellrechnungen tendéieren a Richtung äussere Norden, direkt un der Grenz zur Belsch an eventuell zu Däitschland, zu nach däitlech méi héije Chancen op eng Schnéicouche. Deemno wéi ass et net onméiglech, dass op tëscht 500 a 600 Meter punktuell tëscht 5 an 10 cm kënnen zesummekommen. Et ass awer ausdrécklech ze betounen, dass dat laanscht déi belsch Grenz am warscheinlechsten ass, deemno wéi och laanscht déi däitsch Grenz.

Fir eng bal garantéiert Couche muss een an déi belsch Äifel/Ardennen fueren oder och an déi däitsch Äifel.

De Fazit

D’Nidderschléi, déi sech vu muer bis an de Méinden eran zéien, suergen op ville Plaze fir wanterleche Charakter – deen awer net iwwerall d’selwecht wäert ausgesinn. Deels geet d’Schnéifallgrenz op 250/300 Héichtemeter zréck, mee Schnéifall bedeit net onbedingt, dass eng Schnéicouche dobäi ass – dës ass op de Koppen, je no Héichtemeter, e Stéck méi warscheinlech. Och ofgesinn dovun, wou et schneit a wou net, kann et trotzdeem verbreet zu glate Streckenofschnëtter kommen duerch Nätzt déi fréiert. Zousätzlech gi mir vun engem kräftege Wand duerch den Dag begleet, deen Vitesse vun ëm 60 km/h kann erreechen.