Schnéi-Update: Wanterlech Berechnung vum GFS-Modell verléiert géint déi aner mëll Modeller

An de leschten Deeg huet den éischte Modell-Schnéi fir Lëtzebuerg, deen awer nëmmen am amerikanesche Modell ze fanne war, fir gréisser Fragezeichen gesuergt. Elo huet sech de Modell den anere, méi waarme Léisungen ugepasst.

Advertisement

Loftmassegrenz jo, mee vill ze wäit nërdlech

An de leschten Deeg hate mir zwee mol méi genee op d’Modellkaarte gekuckt an haten zesummen erausfonnt, dass de Gros vun alle Modeller éischter fir de Norden oder Nordoste vun Däitschland den éischte Schnéi gesinn haten. Een Modell huet awer besonnesch erausgestach, nämlech den amerikanesche GFS. Dësem no wier d’Loftmassegrenz vill méi wäit südlech verlaf an hätt sech iwwer BeNeLux & d’Mëtt vun Däitschland erstreckt. Un der kaler Säit dovun, déi iwwert de Norde vu Lëtzebuerg verlaf wier, hätt et der Berechnung no kënnen zu Schnéifall kommen. Mee dës Berechnunge sinn elo “Schnéi vu gëschter”.


D’Loftmassegrenz verleeft warscheinlech vill ze wäit nërdlech | Animatioun: wxcharts.com

An Tëschenzäit weist sech zwar ëmmer nach eng Loftmassegrenz, mee esou gutt wéi alle Modeller no verleeft dës vill ze wäit nërdlech. Vun der Nuecht op de Freiden un zitt se sech vun der Ostséi a Richtung Dänemark a Skandinavien a kann do, besonnesch op de Bierger, fir Schnéiflacke suergen. FIr de Rescht bedeit dat, dass duerch en Déifdrocksystem deen iwwert dem ëstlechen Atlantik läit, méi mëll Loftmasse wäerten ugezapt ginn. Dës mëll Loftmassen maachen de Schnéi fir Mëtteleuropa quasi onméiglech, ausser et ass een an den Alpen ënnerwee. Nieweneffekter si vill Wand a virun allem vill Reen, mee dësen Theme widmen mir eis an aneren, separaten Artikelen.