“Schnéibomm” a minus 20 Grad bei eisen däitsche Noperen. Wat ass drun un der Prognos?

D'Wiederkaarte sinn de Moment, wéi schonn betount, immens interessant. Heiansdo zeechne sech Biller of, wéi mir se virun 12 Joer fir d'lescht gesinn hunn. Mee wat ass drun un der medialer "Schnéibomm" & och de -20 Grad, vun deenen een plazeweis héiert?

“Vb-Déifdrockgebitt” verantwortlech fir markant Wiederkaarten

Bei eisen däitsche Nopere gesäit een an den Onlinemedien ëmmer méi Schlagzeilen iwwert eng sougenannt “Schnéibomm” an Temperature vu -20 Grad. Wat do drun ass, a wat net, dat kucke mir eis elo zesummen un.

Ënnert engem Vb-Déif (gelies 5b) versteet een en Déifdrockgebitt, wat vum westleche Mëttelmier aus a Richtung Norditalien zitt an vun do aus iwwer ëstlech Deeler vun Europa bis an d’Ostséi eriwwerzitt. An dësem Fall hei huet dat momentant Vb-Déif an de Modellkaarten fir immens markant Resultater gesuergt, déi wierklech net ausser Uecht ze loosse sinn.


Vb Déif zitt an de Mëttelmierraum an dann a Richtung Ostséi | Animatioun: wxcharts.com

Dëst Déifdrockgebitt läit de Moment virun der Küst vu Portugal a wäert an de nächsten Deeg weider eriwwer an d’Mëttelmier zéien. Bis de Weekend verlagert et sech a Norditalien resp. bis an d’Alpen an ass mat dofir verantwortlech, dass et de Weekend esou kal bei eis gëtt. Duerch d’erofzéie vun der polarer Keelt & opsaugen vu fiichte Loftmassen iwwert dem Mëttelmier forméiert sech e gréissert Nidderschlagsgebitt ronderëmt dat Déifdrockgebitt, wat op sengem weidere Lafwee gréisser Schnéiquantitéiten erofgoe loosse kann. Just sinn dës Déifdrockgebitter dofir bekannt, dass bis kuerz virdrun net genee gewosst ass, wéi se zéien. Et ginn also nach Differenzen, déi haaptsächlech eben eis däitsch Nopere betreffen.


D’Berechnung vum GFS vu gëschter Owend spéit | Grafik: wxcharts.com

Kéim et esou, wéi den amerikanesche Wiedermodell GFS et gëschter um Dënschde berechent huet, dann wieren an der Schwäiz, Éisträich, dem Gros vun Däitschland, Tschechien a Polen (jeeweils NET op de Bierger) tëscht 20 a punktuell 50 cm Schnéi méiglech. Een Modell-Laf duerno huet sech de Schnéi eng Grimmel méi wäit an den Oste verlagert, dat nach mat Quantitéite vun tëscht 20 a 40 cm.


D’Berechnung vum GFS vun haut de Moien | Grafik: wxcharts.com

Déi ganz frësch Berechnung vun haut de Moie fréi gesäit eng weider Verlagerung an den Oste vum grousse Schnéifallgebitt: haaptsächlech Norditalien, d’Alpen, d’Osthallschent vun Däitschland, de Groussdeel vu Polen, Tschechien, Éisträich an d’Slovakei kriiten et mat enger grousser Packung Schnéi ze dinn. Iwwer Ostdäitschland gi Quantitéiten tëscht 20 a 50 cm berechent, soss sinn et meeschtens 20 bis 40 cm. Dat ganzt Gebitt huet sech also esou wäit an den Osten verdréckt, dass dem neiste Stand no awer net de Gros vun Däitschland eppes dovun ofkréie sollt. A wa mir schonn dobäi sinn: Nee, ausser Keelt kritt Lëtzebuerg näischt vun dësem Vb-Déif mat.

Apropos Keelt…

Nieft dem ville Schnéi, medial och nach “Schnéibomm” genannt, gëtt och nach vun immens nidderegen Temperature geschwat. An tatsächlech, den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent besonnesch a Richtung Mëtt nächster Woch mam Potenzial vu just nach ëm -17 Grad am Raum München. Fir Enn der Woch ginn änlech Temperature fir de Nordoste vun Däitschland berechent. Et sollt een awer drun denken, dass et nach e bësse bis dohin ass. Wéi sech d’Temperature verdeele wäerten, huet am Endeffekt och mat der exakter Verlagerung vum Vb-Déif ze dinn. Op alle Fall besteet d’Potenzial vun dëser Keelt eben duerch déi immens niddereg Loftmassentemperaturen (-13 Grad) an d’Kombinatioun aus enger Schnéicouche, iwwert där et zousätzlech nach e gutt Stéck méi staark ofkille kann.


De Verlaf vun der Temperatur fir déi nächst Woch (Ausschnëtt) | Animatioun: wxcharts.com

Lëtzebuerg kritt, wéi gesot, net all ze vill vun där ganzer Geschicht mat. Well mir awer mat am Stréimungsmuster leien, gëtt et op mannst e bësse méi kal bei eis. Dagsiwwer fale mir an de Beräich vum Gefréierpunkt, an de Nuechte si punktuell mol -5 Grad méiglech. Méi dozou fannt Dir an de leschten Artikelen.