Déi lescht Modellrechnungen trudelen esoulues an: nëmme nach geréng Schnéiquantitéiten, oder geet et esouguer a Richtung 10 cm? – méi spannend kéint et bal net sinn!
Randdéif mécht et extrem spannend
Wéi gëschter an an den Deeg virdrunn schonn méi oft ugedeit gehat, handelt et sech an de nächste Stonnen ëmt eng Wiederlag, déi vun engem Randdéif ausgeet. Randdéifer zielen an der Meteorologie mat zu de komplizéierten mee och interessantsten Entwécklungen, déi eng grouss Spannung mat séch bréngen. Besonnesch an engem Fall wéi deem hei, wou sech d’Modellrechnungen esouguer e puer Stonne virdrun ëmmer nach net ganz driwwer eenz sinn, wat dann elo wierklech geschitt. Trotzdeem wäerte mir probéieren an dësem Artikel e Fazit opzestellen.
Oflaf aktuell bis an de fréien Owend eran
Stand aktuell, 07.01.2022 17:30 Auer, zéien deels méi kräfteg Nidderschléi iwwer d’Land. Besonnesch am Norde fält dësen als Schnéi – schonn op enger Sträif Ell, Ettelbréck, Dikrech a Stolzebuerg fält dëse meeschtens als Reen. An de nächste Stonnen ass, egal wéi, mat engem Réckgang vun den Temperaturen ze rechnen. Egal also wou et zu Nidderschléi kënnt, op de meeschte Plaze wäerten erëm Flacken ze gesi sinn – oder op mannst Flacken ënnert dem Reen, wa mir vun de nidderegste Géigenden am Süde schwätzen.
De Schnéifall setzt sech iwwer Nuecht fort – déi grouss Fro ass awer just, wéi vill Schnéi dann iwwerhaapt fale kann. Dëst kucke mir eis elo méi genee un.
Differenzen tëscht de Wiedermodeller
Well e Randdéif séier vu Plaz zitt a nëmmen en immens klenge Punkt op der Wiederkaart anhëlt, ass et fir d’Modeller an och d’Meteorologen extrem schwéier virauszesoen. Haaptsächlech a Saache Schnéihéichten kann et op klengstem Raum zu gréisseren Ënnerscheeder kommen, ausgoend vun der tatsächlecher Positioun vum Kär vum klengen Déif. Fir dëst ze veranschaulechen, kucke mir eis elo e puer Modeller un. Dozou einfach déi eenzel Buttons mat de Wiedermodeller untippen, ënnendrënner ass dann den Erkläertext.
Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass mat sengem Owes-Laf mat Schnéiquantitéite vun tëscht 5 an 10 cm op de Koppen am Norden dobäi, iwwer d’Mëtt sollen et der tëscht 3 a 6 sinn a südlech vun der Sträif Simmern, Schous a Konsdref soll et séier op tëscht 1 a 5 cm erofgoen wann ee vun do aus a Richtung Rescht vum Süde vum Land kuckt. D’Muselgéigend hätt dëser Léisung no am mannste Schnéi bis hin zu kengem Schnéi ze erwaarden, änleches wier fir de Raum Fréiseng an Esch-Uelzecht de Fall.
De GFS rechent de Kär vum Randdéif genee iwwer Lëtzebuerg.
Fir ze vergläichen: de Modelllaf aus dem Virmëtten huet fir de Norde nach lokal 12 cm Schnéi berechent, och am Süde wieren op mannst 2 cm dra gewiescht. De Grond dofir: d’Déif gouf e bësse méi staark gerechent, zousätzlech dozou hätt de Kär sollen e Stéck südlech vum Land laanschtgoen.
Den europäesche Wiedermodell ECMWF war an de leschte Stonnen en immens launesche Kandidat. De neiste Modellaf, gesäit et elo sou, dass de Kär vum Déif net nëmmen e klengt Stéck südlech u Lëtzebuerg laanschtzitt, mee e gréissert. Dëst hätt den Effekt, dass et bei eis zwar zu liichte Schnéiquantitéite kéim, mee dat allermeescht definitiv op der franséischer Säit vun der Grenz Frankräich/Lëtzebuerg fale géif.
Bis an de Samsdemoien era rechent den aktuellen ECMWF also, dass d’Schnéicouche folgendermoossen ausgesi soll: am Raum Ettelbréck, Dikrech, Beaufort, Larochette, Konsdrëf, Gonnereng, Wecker bis erof op Nidderaanven gëtt quasi näischt bis hin zu héchstens 1 cm gerechent. Och de Raum Fréiseng hätt dat selwecht ze erwaarden. Wat de ganze Rescht vum Land ugeet, wieren op mannst 1 bis 2 cm dran. De meeschte Schnéi géif dem no dann am äusserste Norden a Nordweste mat tëscht 1 a 4 cm zesummekommen, d’selwecht wéi am Südweste vum Land am Raum Nidderkuer.
Fir ze vergläichen: de Modelllaf aus der Nuecht huet iwwerall am Land mat enger zouener Schnéicouche vun tëscht 7 an 11 cm gerechent, ausser ganz un der Nordspëtzt vum Land; do war e mat 4 cm dobäi. De Grond: d’Positioun vum Déif gouf do e minimalt Stéck méi wäit nërdlech berechent, an dat och vill méi intensiv.
De franséische Wiedermodell ARPEGE taascht sech lues a lues un eng Léisung erun, déi nach e gutt Stéck anescht ausgesäit wéi vun deenen anere Modeller. Dësem no zitt de Kär vum klengen Déif iwwert déi nërdlechst Deeler vu Lëtzebuerg ewech, wat virun allem Deeler vun der Äifel zolitte schnéifall brénge géif. Wat heescht dat fir Lëtzebuerg? Bis muer de Moie rechent de Modell un der Nordspëtzt vum Land mat enger Schnéicouche vun tëscht 5 an 10 cm, iwwerdeems et a Richtung Nordosten a Nordwesten ëm 3 cm wieren. Fir de Süde géif et schlecht ausgesinn, dat grad emol mat quasi näischt bis hin zu allerhéchstens 2 cm.
Fir de vergläichen: De Modell-Laf vu virdrun huet de Kär genee iwwer Lëtzebuerg gerechent, dat mat deels méi zolitte Nidderschléi. Esou wier, laut fréierer Berechnung, am äusserste Norden eng Schnéicouche vun ëm 17 cm zustane komm. De Gros vun der Nordhallschent hätt op mannst 5 cm kritt, iwwerdeems och den Osten an d’Muselgéigend mat bis zu 4 cm dobäi gewiescht wier. Den äusserste Süden hätt mat ëm 3 cm verweilt.
Den däitsche Wiedermodell ICON ass zimmlech eenheetlech ënnerwee a berechent mat sengem neiste Modell-Laf quasi iwwerall gläichméisseg Quantitéite vu bis zu 3 cm (an den Däller bësse manner). Laut dësem Modell zitt d’Randdéif e gutt Stéck méi wäit südlech vun der franséischer-lëtzebuergescher Grenz duerch, wat heescht, dass de meeschte Schnéi ausserhalb vun eisem Land erofkéim.
Fir ze vergläichen: De Modell-Laf aus dem Virmëtten huet de Kär genee un der Grenz berechent, wouduerch nach eng Couche vun tëscht 3 a 5 cm am Norde simuléiert gouf, am Süde wiere mir mat tëscht 1 bis 3 cm dobäi gewiescht.
Den Duerchschnëtt vun alle Berechnungen
Mir huelen dës Donnéeën elo auserneen a kucken, wat dann duerchschnëttlech jeeweils fir d’Nordhallschent & fir d’Südhallschent méiglech ass.
*Norden: Géigenden, déi ënner 300 Meter leien, kënne sech méi un den Donnéeë fir de Süden orientéieren.
Nordhallschent
- GFS: 5 bis 10 cm
- ECMWF: 2 bis 4 cm
- ICON: 2 bis 3 cm
- ARPEGE: 3 bis 10 cm
Moyenne: tëscht 3 a 6,75 cm
Südhallschent
- GFS: 1 bis 4 cm
- ECMWF: 0 bis 2 cm
- ICON: 1 bis 3 cm
- ARPEGE: 0 bis 1 cm
Moyenne: tëscht 0,5 an 2,5 cm
Fazit
Wa mir eis op déi aktuell Wiedermodeller bezéien, ass de Fazit deen, dass déi iewecht genannt Duerchschnëttswäerter als akkumuléiert Schnéicouche bis muer de Moien ze erwaarde sinn. Genee soen wéi eng Uertschaft wéi vill Schnéi kritt ass net méiglech, mol net gemengeweis. Et gëtt eng immens spannend Geschicht!
Villes kënnt elo drop un, wéi dëst Randdéif aus Westen eragezu kënnt. Natierlech kann et sinn, dass d’Resultat duerno erëm bëssen anescht ausgesäit wéi vun de Modeller berechent. Ech halen Iech op Facebook um Lafenden.
Fest steet: spéitstens um spéidere Samsdenowend geet alles, wat a Form vu Schnéireen oder Schéi erofkënnt, erëm a Reen iwwer – eng Waarmfront zitt dann nämlech iwwert eis ewech.