Schnéifall de Weekend: Déi méiglech Schnéihéichten

D’Wiedermodeller bleiwen hire Berechnungen trei a sinn ëmmer nach der Meenung, dass et um Freidenowend resp. an der Nuecht op de Samsden zum éischte Schnéi kënnt. Mee wéi vill wier es dann ze erwaarden?

Nodeems mir den ongeféieren Oflaf vun der Situatioun schonn gëschter an engem Artikel beschwat haten, konnte mir eng Fro nach net esou richteg beäntferten. Och haut ass nach keng kloer Äntfert méiglech, mee well de Freide net méi esou wäit ewech ass, hunn ech mir geduecht, dass mir einfach mol d’Modeller matenee vergläichen. Esou kréie mir op mannst ongeféier eng Iddi dovun, wéi vill an engem duerchschnëttlechen Zenario tatsächlech leie bleiwe kéint.


Esou soll d’Front mat de Schnéireen- a Schnéischaueren iwwer d’Land ewechzéien | Animatioun: wxcharts.com

Wéi ëmmer ass d’Warscheinlechkeet vun enger Schnéicouche op de Koppen am Norden am héchsten, iwwerdeems se mat all Héichtemeter no ënne méi kleng gëtt. A wéifern eppes op méi niddrëge Plaze leie bleift, ass eréischt kuerzfristeg ze beuerteelen. Mee gutt, zu de Modeller.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass de Weekend iwwer mat tëscht 2 a 5 cm dobäi, lokal sollen och mol 6 cm kënnen erreecht ginn. Dat meescht gëtt fir den äusserste Westen a Norde berechent, iwwerdeems et a Richtung Zentrum vum Land an och Süden ëmmer manner gëtt. Den europäeschen ECMWF simuléiert tëscht 4 an 13 cm uechter d’Land, dat meescht dovu soll an enger Sträif vum nërdleche Westen bis eriwwer an de Nordosten erofkommen. Den däitschen ICON ass e bësse méi zréckhalend ënnerwee a rechent op de Koppen am Norde mat tëscht 1 a 4 cm, iwwerdeems an der Südhallschent näischt bis nëmmen en dënne Flom leie bleiwe sollt. De franséischen ARPEGE ass fir dat ganzt Land mat tëscht 6 an 10 cm dobäi, tendenziell soll et awer am Westen am meeschte wäiss ginn.

Hëlt een elo den Duerchschnëtt vun dëse Berechnungen, da kënnt een an enger Spaan vun tëscht 3,25 an 8,25 cm eraus, woubäi een sech op de nidderëgste Plaze net ze vill erwaarde sollt – do kéint et nämlech deemno wéi gréng bleiwen. An och fir de Rescht vum Land gëtt et modelltechnesch also nach e gréissere Spillraum.