Schnéiwarscheinlechkeet: Ausräiss-Berechnunge mat bis 40 cm, wat ass drun?

Knapps ass de Schnéi an de Wiederkaarten zréck, a schonn gëtt iwwer immens héich Schnéiquantitéite spekuléiert. Wat ass drun un den Ausräiss-Berechnungen, a kann een déi iwwerhaapt eescht huelen?

Advertisement

ECMWF-Modell mat 40 cm Schnéi. Kann een dat eescht huelen?

Zumools op de Säite vun dem engen oder aneren däitsche Wieder- oder Medieportal gesäit een an dësen Deeg erëm Meldungen iwwert e schwéiere Wanterabroch an eise Géigenden. Dat just, well tatsächlech erëm Chancen op wanterlecht Wieder an eise Kaarten opgedaucht sinn. Et ginn awer Modeller, déi generell a Saache Schnéi ëmmer ze vill vum Gudden berechnen. Een vun dëse Modeller ass den ECMWF. Wat hunn déi 40 Zentimeter Schnéi ze bedeiten, déi gëschter Owend fir déi nächst Woch berechent goufen?


D’Berechnung vum europäeschen ECMWF vu gëschter Owend | Grafik: wxcharts.com

Et ginn e ganze Koup Wiedermodeller. Dës Wiedermodeller rechne net alleguer mat de selwechten Equatiounen, mee hunn ënnerschiddlech Aart a Weisen wéi se den atmosphäreschen Zoustand fir d’Zukunft berechnen. Dorauser resultéiert dann och de Fakt, dass d’Wiedermodeller, genee wéi Mënschen, hir Stäerken an hir Schwächten hunn. Den europäeschen ECMWF eegent sech beispillsweis gutt fir eng Grousswiederlag iwwer eng Woch virauszesoen oder och anzeschätzen, esouwéi och fir d’Temperaturen op engem méi klenge Raum wéi Lëtzebuerg wäitgoend verlässlech ze berechnen. Wat de Modell awer net esou gutt kann ass d’Schnéicouchen ze berechnen. De Problem: Aus Erfarung eraus ass den ECMWF meeschtens ze séier der Meenung, de Schnéi géif schonn um Buedem leie bleiwen, iwwerdeems et an der Realitéit awer méi laang dauert bis sech de Schnéi, deen schonn um falen ass, tatsächlech um Buedem oflagere kann. Doduerch kënnt et dann schonn mol vir, dass sech den ECMWF a Saache berechent Schnéicouche wäit vun allen anere Modeller ofhieft.

Déi eng Modeller kënnen dat besser, déi aner Modeller dëst besser. Am Summer gëtt beispillsweis gären op méi héichopgeléist Modeller wéi ICON-EU oder AROME gekuckt, well dës de Parcours vun Donnerwiederlage vun de meeschte Modeller nach am beschte simuléiere kënnen. All Modell huet seng Qualitéit.

Wat ass elo un de 40 cm drun?

Op Basis vun der Berechnung vum europäeschen ECMWF vum Donneschdemoien sinn d’Quantitéite vu 40 cm am Norde vu Lëtzebuerg op gutt 10 bis 15 cm erofkorrigéiert ginn. Dëst weist nach e weidere Punkt, deen een ëmmer beuechte muss: D’Dauer, wéi wäit e gewësst Event nach an der Zukunft läit. Wann den Zäitraum, zumools wat de Schnéi ugeet, méi wäit wéi 3 Deeg an der Zukunft ass, da kënnt et nach zu engem grousse Spillraum an der Modellwelt. De Sprong vun de 40 cm op 10-15 cm erof ass also komplett normal – a reng aus realistescher Siicht gesinn och däitlech méi warscheinlech. Dëst bekräftegt dann och de Vergläich mat den anere Modeller: De GFS gesäit vum Sonndenowend un bis an den Donneschden eran, dass sech eng Schnéicouche vun tëscht 5 an 12 cm forméiere soll. Och dat ass nach eng Kéier en Ënnerscheed.


D’Berechnung vum ECMWF vum Donneschdemoie fir d’nächst Woch, Period bis de Freidenowend spéit. | Grafik: wxcharts.com

Also: Och wa kee Mensch de Moment soe kann, wéi vill Schnéi erofkënnt, si 40 cm immens onwarscheinlech. Fir dass een mat engem realisteschen Aen op esou Zomme kucke kann, misste sech an de Berechnunge vun den anere Modeller nach gréisser Saachen doen.