Schnell-Update: Owes-Modeller sprangen op bis zu 10 cm Neischnei

Esou séier kann et goen: vun uersprénglechen eenzelne Flacken an de Modellkaarten ass sech elo amgaangen eppes ze doen.

Owesmodeller bréngt de Wanterfrënn Freed

D’Modeller vum Dënschdenowend sollte bei eise Wanterfrënn nawell Freed ausléisen: um Méinde war ugekënnegt ginn, dass am Laf vun dëser Woch nawell eenzel Flacke net ausgeschloss wieren. Uersprénglech gouf dat dofir verantwortlecht Déif ze wäit ëstlech gerechent, fir dass bei eis zu Lëtzebuerg wierklech nennenswäerte Schnéi hätt kënne falen.

De Stand vum Owend ass elo deen, dass den europäeschen ECMWF, amerikanesche GFS, däitschen ICON an och de franséischen ARPEGE nawell e gutt Stéck ëmgesprong sinn. Esou gesinn dës Modeller elo alleguer vum Donneschdenowend un eng méi wanterlech Period op eis duerkommen, wärend där et zu nennenswäerte Schnéiquantitéite komme kann. Bis an de Freidenowend era soll sech dat kënnen zéien, ier duerno d’Warscheinlechkeet vu Flacken erëm zréckgoe sollt.


D’Schnéiquantitéite bis de fréie Samsdemoien, dem ECMWF no | Grafik: wxcharts.com

De GFS rechent bis an de fréie Samsdemoien era mat enger Schnéicouche vun tëscht 4 a 7 cm, den ECMWF 7 bis 13 cm, den däitschen ICON 3 bis 7 cm an de franséischen ARPEGE 4 bis 7 cm.

Et handelt sech heibäi ëm d’Owesberechnungen, déi am Laf vum Mëttwoch vun de nächste Modellleef musse confirméiert ginn. Soss ass ëmmer nach e Sprong zréck op den alen Zenario vum Stand vum Méinde méiglech. Ech halen Iech um Lafenden!