Am äusserste Süde vum Land huet et dëse Mount bis ewell schonn ëm 180 l/m² gereent, am Grenzgebitt vum Département Moselle an och dem Saarland si schonn eenzel Géigende mat 220 l/m² dobäi – neie Rekord! Wéi geet et virun?
Advertisement
Ëmmer nach keng bestänneg Wiederlag
De grousse Problem, mat dem mir et op eisem Kontinent de Moment ze dinn hunn, si fiicht a mëll/waarm Loftmassen déi duerch genuch Hiewung, wéi beispillsweis duerch Déifdrockgebitter, Konvergenzen an och “Tiefdruckrinnen”, ëmmer erëm fir onwiederaarteg Situatioune suergen. Duerch dës Wiederlag sinn, wéi schonn gesot, besonnesch am Süde vum Land schonn bal 200 l/m² gefall, de Mount ass nach net eriwwer. Radar-Estimatioune weisen am noe Frankräich, nordëstlech vun Thionville bei Koeking, esouguer 220 l/m². Dat selwecht gëllt fir Deeler vum Saarland, wat e neie Rekord ass.
Ass dann nach kee Changement a Siicht?
Fir dass sech de Reen endlech mol gëtt, bréichte mir eng méi oder manner stabil Héichdrocklag. De “stabilsten” Héichdrockafloss soll den aktuelle Modellrechnunge no de Sonnden optrieden. Bis dohi kréie mir et awer mat weidere Schaueren ze dinn. Iwwerdeems en Donneschden erëm e klengen Donnerwiederrisk besteet, geet en um Freiden e Stéck an d’Luucht. Fir de Weekend sinn heiansdo nach punktuell Schaueren dran, mee d’Sonn kënnt sech och dotëscht weisen. Déi méi frëndlech Perioden begrenze sech awer net nëmmen op de Weekend.
Mam Bléck op déi nächst Woch fällt engem kee gréisseren Ënnerscheed op. An der éischter Hallschent gëtt et zäitweis erëm naass, dotëscht suergt dann awer liichten Héichdrockafloss vum Atlantik hier erëm fir frëndlech Ofschnëtter. Dës Ofschnëtter ginn och an der zweeter Woch bäibehalen, mee de d’Warscheinlechkeet vu Schauerwieder ass net aus de Modellkaarten ewechzedenken.
Ob sech do iergendwou nach eng markant oder warnrelevant Wiederlag dotëschtdréckt, ass nëmme schwéier soen. De Moment hale mir de Freiden am Aen, well et eenzelne Modeller no erëm zu quasi-stationäre kräftege Schaueren oder Wiederen an eiser Groussregioun kéint kommen – et handelt sech dobäi awer aktuell ëmt d’Minoritéit. Egal wéi et ass: Well d’Wiederlag de Moment ufälleg fir esou Geschichten ass, hale mir se besonnesch gutt am Aen.
Temperature vun 20 Grad an driwwer schéngen och méi warscheinlech ze ginn an der nächster Woch, mee do kucke mir an engem aneren Artikel méi genee drop.