Schonn erëm Lissabon: Schro Iwwerschwemmungen an der portugisescher Haaptstad

Mol net eng Woch no de schlëmme Wiederen a Portugal ass Lissabon elo op e Neits schwéier getraff ginn.

Titelbild: @alentejo_1970 via Twitter

Erëm Onwieder am Raum Lissabon

Eréischt d’lescht Woch ass et an der Nuecht vum Donneschden op de Freiden zu staarkem Reen komm, deen gréisser Iwwerschwemmungen ausgeléist hat. Elo, net mol eng Woch duerno, huet et Lissabon schonn erëm getraff. Vill Géigenden an a ronderëmt Haaptstad stinn ënner Waasser, déi rout Warnstuf ass ausgeruff ginn. Et gëtt dozou geroden, doheem ze bleiwen.

Och am Stroosseverkéier kënnt et zu Behënnerungen: Vill Stroossen hu misse gespaart ginn, och e puer Tunnele si mat Waasser vollgelaf. Wéi portugisesch Medie mellen ass en Auto vun engem Äerdrutsch erwëscht ginn, d’Passagéier sinn an d’Spidol bruecht ginn.

An de Medie gëtt bis ewell glécklecherweis vu kengen Affer geschwat – Soziale Netzwierker no soll eng Fra awer net iwwerlieft hunn, well se vum Waasser am Keller agespaart gouf. an der Géigend vun Alcantara hu 16 Persoune missen aus hiren Haiser gerett ginn. D’Situatioun ass eng ganz speziell, well déi lescht schro Wiederen eréischt rezent iwwert déi selwecht Géigend ewechgezunn waren.

Bléck op d’Tierkei

Och an der Tierkei huet et staark gereent. An der Provënz Antalya hunn Iwwerschwemmunge Géigestänn an och Autoen matgerappt. Plazeweis sinn an der Nuecht op de Méinde méi wéi 100 l/m² Waasser vum Himmel komm. Schoule sinn fir een Dag zoubliwwen.