Schonn erëm: Saharastëbs mécht sech breet

Et gëtt zwar méi waarm bei eis, mee dat bréngt och nach en aneren Effekt mat sech.

Südlech Stréimung verantwortlech

Duerch déiwe Loftdrock iwwert dem Atlantik a méi héije Loftdrock iwwert dem ëstlechen europäesche Kontinent gerode mir an dëse Stonnen an Deeg ënnert eng südlech Stréimung. Dës südlech Stréimung bréngt eis zwar däitlech méi héich Temperaturen, iwwer 20 Grad kënnen erreecht ginn – allerdéngs bedeit dat och de Retour vum Saharastëbs.


D’Saharastëbs-Konzentratioun um Donneschdemoien | Grafik: SKIRON / forecast.uoa.gr

De Stëbs mécht sech erëm sou wéi déi lescht Kéier bemierkbar a wäert virun allem erëm fir dreckeg Autoen an eng schlecht Loftqualitéit suergen. E Nieweneffekt kann och erëm sinn, dass d’Temperaturentwécklung ageschränkt gëtt. Wat déi virausgesoten Temperaturen ugeet soll ee sech net wonneren, wann et am Endeffekt awer tëscht 2 a 5 Grad manner waarm ginn ass.

De Stëbs soll mol nach bis de Freide bei eis bleiwen, duerno hëlt d’Konzentratioun mol erëm fir eng Zäitchen of.