Schottland: Met Office mellt déi héchst bis ewell gemoosse Januar-Temperatur

Déiwe Loftdrock iwwert dem Atlantik an héije Loftdrock iwwer Europa suerge fir eng markant Wiermt-Zoufuer aus dem déiwe Süden. A Schottland gouf elo just e neie Januar-Rekord fir de ganzen UK opgezeechent.

Virleefege Rekord

Den Dag ass nach net eriwwer, mee Met Office – den offizielle Wiederdéngscht vun brittesche Kinnekräich – mellt elo schonn e Rekord fir déi héchst jeemools gemoossen Temperatur an engem Januar fir de ganzen UK. Ganz am Norden, zu Kinlochewe, huet den Thermometer 19,6°C ugewisen.

Dëst iwwertrëfft den ale Rekord aus dem Joer 2003 ëm méi wéi e ganze Grad. Deemools goufen zu Aboyne 18,3°C gemooss – genee wéi an de Joren 1958 a 1971 zu Aber, am Westen vum Kinnekräich.