Schottland: Wiederdéngscht korrigéiert Januar-Rekord duerch manuell Miessung no uewen

Vergaangene Sonnde koum et zu neie Rekorder a Saache Januar-Temperatur a Schottland. Nodeems ugeholl gouf, dass de neie Rekord elo bei 19,6°C läit, ass per manuell Miessung e nach méi héije Wäert ermëttelt ginn.

Met Office korrigéiert d’Rekordtemperatur no uewen

Iwwer Europa ginn de Moment op ville Plazen iwwerduerchschnëttlech Temperature gemooss. Iwwert de vergaangene Weekend ware virun allem déi brittesch Inselen betraff: Zu Kinlochewe a Schottland konnt e Maximum vu 19,6°C gemooss ginn. Domat goufen d’Januar-Temperaturrekorder aus de Joren 1958, 1971 an 2003 ëmt méi wéi e Grad geknackt – deemools waren et nämlech 18,3°C.

Wéi de Wiederdéngscht vum brittesche Kinnekräich elo matgedeelt huet, ass den ale Rekord a Wierklechkeet nach vill méi däitlech iwwertraff ginn. No den Auswäertunge vu manuelle Statiounen ass erauskomm, dass d’Statioun vu Achfary de vergaangene Sonnden esouguer 19,9°C gemooss huet. Den ale Rekord gouf also ëm 1,6°C geknackt, wat immens markant ass. Déi manuell Statioun mësst iwweregëns schonn zanter dem 1. Januar 1853 – d’Donnéeë soen also immens vill aus. Fir déi brittesch Inselen ass et also déi héchst Temperatur, déi bis ewell jeemools an engem Januar opgezeechent gouf.