Schro Iwwerschwemmungen: Op d’mannst 8 Mënschen a Norditalien ëm d’Liewe komm

An Italien koum et elo schonn fir d’Zweet an Zäit vun zwou Wochen zu schroen Iwwerschwemmungen. Op anere Plazen ass och an de nächsten Deeg mat zolittem Reen ze rechnen.

Advertisement

Déi zweet Kéier an Zäit vun zwou Wochen

Besonnesch d’Regioun Emilia-Romagna ass vun de rezente schroen Iwwerschwemmunge betraff. Eréischt virun zwou Wochen ass et an der selwechter Géigend schonn zu Iwwerschwemmunge komm, deemools ware punktuell méi wéi 200 l/m² Reen an Zäit vu 36 Stonnen erofkomm.

D’Iwwerschwemmungen vun elo betreffen e gréissert Gebitt an zéie sech esouguer iwwer San Marino bis erof op Ancona. Zanter zwee Deeg huet et quasi onënnerbrach gereent, wouduerch vill Flëss iwwer hir Ufere getruede sinn. Duerch d’Waassermassen ass et och zu bis ewell gezielten 250 Äerdrëtsch komm, déi Autoen, Brécken an och Deeler vun Haiser ewechgerappt hunn. D’Vizepresidentin vun Emilia-Romagna hat de Moie matgedeelt, dass d’Zuel vun den Doudesaffer an Tëschenzäit op 8 geklomme wier. Eng 50.000 Mënsche sinn ouni Stroum a gutt 100.000 ouni Telekommunikatioun, esou d’Medien.

De vergaangene Summer, mee och iwwert d’Wanterméint ass iwwert der Regioun eng markant Dréchent opgetrueden. De ville Reen, deen am Ufank vum Mount oder och elo erofkomm ass, ka net esou liicht an den immens haarden an dréchene Buedem andréngen. Ier et mol esouwäit ass, leeft alles iwwerflächlech of, wat nach méi séier zu Iwwerschwemmunge féiert. D’Reequantitéiten an Zäit vu 36 Stonne belafe sech an der Moyenne op 200 l/m², punktuell och däitlech driwwer.

Wéi et mam Wieder iwwert dem Mëttelmier viru geet

Am Nordweste vun der Regioun Emilia-Romagna ass bis e Sonnde nach mat “markanten” Zommen ze rechnen, punktuell si nachemol tëscht 30 a 60 l/m² méiglech. Et ginn awer op alle Fall aner Regiounen, déi an de nächsten Deeg nach däitlech méi Reen ofkréie wäerten.


Déi viraussiichtlech Reequantitéite bis de Méinden inclus | Grafik: wxcharts.com

Een vun den Hot-Spots ass weiderhin d’Grenz zu Frankräich, wou sech de Reen un den Alpe staut. Vun der Küst bis op d’Héicht vum Mont-Blanc rechnen d’Modeller mat tëscht 100 an 300 l/m² Reen, déi bis e Méindemoie sollen erofkommen. An de Fokus geroden dann awer och Géigenden op der Corse & op Sardinien. Iwwert dem Oste vun der Corse ass bis e Méinden inclus mat 70 bis 100 l/m² Reen ze rechnen, iwwert dem Oste vu Sardinien sinn et tëscht 70 an 120 l/m².

Ëstlech vu Roum geet et och mat nennenswäertem Reen virun, bis e Méinden ass am Raum Campobasso, Raccaraso, L’Aquila, Chieti bis erop op Macerata mat Quantitéite vun tëscht 30 a 75 l/m² ze rechnen. Zu gudder lescht hu mir dann och nach Kalabrien, wou et och punktuell zu méi wéi 70 l/m² Reen komme kann. Dem Mëttelmier stinn also weiderhin onroueg a virun allem naass Zäiten un.

Tornado zu Pomiglia d’Arco, Neapel

An Tëschenzäit sinn och Videoe vun engem Tornado opgedaucht, deen bei Neapel liichte Schued ugeriicht huet. Hei e Video dozou: