Schwéier Biewen an der Tierkei & Syrien: Och Sensoren zu Lëtzebuerg schloen aus

Wéi gewosst, hu sech de Moie schwéier Biewen an der Tierkei & Syrien entlueden. Och Seismographen hei zu Lëtzebuerg hu Vibratioune festgestallt.

Advertisement

Schwéier Biewen & Nobiewen am Grenzgebitt Tierkei/Syrien

Et sinn katastrophal Meldungen, déi eis de Moien aus der Tierkei & Syrien erreecht hunn. No engem Äerdbiewe vu 7,7 Punkten op der Richter-Skala a sëllege weidere Nobiewen – verschiddener op ee Neits immens zolitt mat enger Stäerkt vun tëscht 5,7 a 7,5 – gëtt an Tëschenzäit vun 1600 Doudesaffer geschwat. D’Epizentren leien an de Provënzen Gaziantep, Adıyaman, Malatya a Kahramanmaraş. D’Situatioun gëlt de Moment awer als immens oniwwersiichtlech, d’Afferzuele leien also ganz warscheinlech bei wäitem méi héich. Dei éischt Länner hunn an Tëschenzäit hir Hëllef ugebueden.

D’Rettungsaarbéchte gestalte sech immens schwéier, well sech Minusgraden iwwert dem Gebitt breetgemaach hunn. Dëst ass eiser momentaner Grousswiederlag ze verscholden, bei där e kräftegt Héichdrockgebitt iwwer Europa läit an en Déifdrockgebitt iwwert dem schwaarze Mier an doduerch immens kill Loftmassen aus Russland an d’Tierkei & Syrien transportéiert ginn.

Sensoren zu Lëtzebuerg hunn ausgeschlo

D’Biewen sinn u ville Seismographen an de Nopeschlänner gemooss ginn, esou och zu Lëtzebuerg an och an eise noe Nopeschlänner. Zu Lëtzebuerg ginn un 13 Statioune seismesch Aktivitéite registréiert. Se all hunn d’Biewen aus der Tierkei & Syrie gespuert, wéi een et dëse Grafiken enthuele kann. Erausgesicht hunn ech d’Statioune vu Walfer, Ueschdref, Diddeleng an Ettelbréck. Ënnert dësem Link fannt Dir d’Donnéeën zu den anere Statiounen.

Kaarten: ecgs.lu