Schwéier Stuermstéiss um Donneschden: Virwarnunge sinn aktiv

D’Nuetsmodeller hunn dann elo confirméiert, dass et muer um Donneschden zu markanten Entwécklungen a Form vu Stuermstéiss bis hin zu schwéiere Stuermstéiss komme wäert. D’Virwarnunge goufen aktivéiert.

De Stuerm kënnt

Nodeems mir eis et de vergaangene Samsde fir d’éischt Kéier ugekuckt hunn, ass et dann elo confirméiert: muer um Donneschde gerode mir ënnert den Afloss vun engem Stuermdéif, wat vun der Nordséi hier a Richtung Ostséi zitt. Dëst Déif bréngt eis net nëmme Wand, mee och méi kräfteg Nidderschléi déi de Risk vu nach méi héije Vitessen zousätzlech an d’Luucht drécke kënnen.


D’Wandvitessen fir de spéideren Donneschdevirmëtten vum GFS berechent | Grafik: wxcharts.com

Fir d’Nord- esouwéi och Südhallschent sinn dowéinst zanter de Moien 02:14 d’Virwarnunge viru Stuerm aktivéiert ginn. Tëscht dem Donneschdemoien 8 Auer an dem Donneschdenowend 18:30 Auer ass mat Stuermstéiss bis hin zu schwéiere Stuermstéiss ze rechnen, déi et an de Spëtzten op tëscht 75 a 90 km/h packe kënnen.

Am Fall vun engem méi kräftege Schauersegment oder och mol engem agelagerten Donnerwieder ass et net ganz onméiglech, dass de Wand aus méi héije Loftschichten op de Buedem erofgemëscht ka ginn. An esou engem Ausnamefall wieren och schwéier Stuermstéiss bis 100 km/h, eventuell esouguer bis 105 km/h, net onméiglech. Ob a wou et wierklech zu dësem “Erofmësche” kënnt kann een awer leider net viraussoen. Am Laf vum Dag kënnt nach de Fuerplang iwwert den ugekënnegte Stuerm, deen de ganzen Detail beliicht.

Net vu laanger Dauer

Schonn vum Donneschdenowend un gëtt de Wand séier méi schwaach a fält an e net-warnrelevante Beräich zréck. De nächsten Dag, un deem et méi lefteg ka ginn, ass dann direkt iwwermuer de Freiden – do ginn et awer nach gréisser Onsécherheeten tëscht de Modeller. Stay tuned.