Wandvitesse vun ëm 150 km/h méigleg
Nördlech vun den Azore forméiert sech um fréien Donnëschdemoien e Stuermdéif, waat an Zäit vun e puer Stonnen däitlech méi staark gëtt an zu engem Orkandéif gëtt. Um Donnëschdenowend, sou géint 18h läit de Stuerm nach iwwert dem Atlantik a beaflosst d’Festland nach net.
Den aktuelle Berechnunge no wärt den äußerste Süden a Südweste vun Irland ab 19/20 Auer ëmmer méi vum staarke Wand betraff sinn, spéitstens ab Mëtternuecht ass mat schwéierem Stuerm ze rechnen. Bis dohin huet sech d’Stuermfeld baal op ganz Irland ausgebreet, waat zu engem spéideren Zäitpunkt souwisou de Fall wärt sinn. U Land muss mat Wandvitesse vu bis zu 125 km/h gerechent ginn, un de Küsten an un exponéierten Hiwwelen däitlech driwwer.
Ab dem Freidemoien- /Virmëtte wärt och England spierbar vum Stuerm betraff sinn. Am äußerste Weste geet et mat engem stiermësche Wand un, ier sech d’Wandfeld op de Gros vun der Insel auswäit. An de Spëtzte si Vitesse vu 70 bis 100 km/h ze erwaarde, lokal knapp driwwer. London kritt bei wäitem net daat Schlëmmst of. Zum selwechten Zäitpunkt, also um Freidemëtten, huet de Stuerm de Nordweste vun Irland voll am Grëff. De Modellrechnunge no kënnen un der Küst Wandvitesse vun 140 km/h ereecht ginn. Op de nordwestleche schottëschen Inselen ass mat ähnleche Vitessen ze rechnen.
Wandspëtzte vum däitsche Wiedermodell (wxcharts.eu)
Nëmme plaatzeweis vill Reen
Waat d’Reequantitéiten ugeet, hunn d’Modeller ënnerdenee gréisser Differenzen. Den däitschen ICON rechent am Südweste vun Irland mat akkumulatioune vun ëm 60 l/m² am Zäitraum vum Freidemoie bis de Samsdenowend. Gréisser Zomme gesäit de Modell vir de Südweste vun England (an der Ëmgéigend vu Cardiff, Merthyr Tydfil, Carmarthen, Aberteifi, Fishguard…) Bis zu 150 l/m² kënne laut dem Modell an där Géigend eroofkommen.
De franséische Modell (ARPEGE) gesäit d’Situatioun, waat de Reen ugeet, bësse méi entspaant. Laanscht d’Küste vun Irland wier mat Zomme vun 30 bis 60 l/m² ze rechnen, un den ugeschwaate Plaatzen an England bis zu 100 l/m². Aus de Simulatioune vun den zwee Modeller léisst sech enthuelen, dass et wuel plaatzeweis zu gréissere Reenzomme mat Iwwerschwemmungsgefor komme kann, mee halt net iwwerall.