Nodeems de Season Opening um Belval zäitweis zimmlech verreent war, gesäit et fir de Season Closing de Weekend um Kierchbierg däitlech besser aus.
Advertisement
Erëm dräi Stages, dorënner eng op e Neits gréisst Mainstage bis ewell
Zanter dem Season Closing vum leschte Joer ginn et um LOA-Festival dräi Stages. D’Mainstage gëtt déi gréisst bis ewell – a falls dat Iech ze roueg ass, da kënnt Dir ëmmer nach en Ausfluch an d’Rave Cave oder op d’Barrakud-Stage maachen.
TICKET SHOP
D’Headliner vun dësem Joer sinn ANXHELA, DA TWEEKAZ, DAF, DRAXX, DUBVISION, FÄT TONY, FENRICK, FAST BOY, JOEL CORRY b2b PAJANE, SUNNERY JAMES & RYAN MARCIANO a VINI VICI. Mee och vun heiheem si vill lokal Artisten dobäi, dorënner ënner anerem de NOSI, GRAVAGERZ, FREEZY, WAZTOO , DIFINO, RAGNER, SPYN, VORTICITY avm…
Ass erëm e Prabbeli néideg?
Nodeems een am Mee net wierklech dolaanscht koum, dass een zimmlech naass gouf, kann een elo méi optimistesch op de Season Closing kucken. E Freide besteet just vum Virmëtte bis an de Nomëtten eran d’Warscheinlechkeet vu ganz lokaale Schaueren, déi och just vu schwaacher Natur sinn. Spéitstens vum spéidere Nomëtten un hëlt d’Warscheinlechkeet vun dëse Nidderschléi of. Fir den Owend an och d’Nuecht ass e klore bis liicht wollekegen Himmel ze erwaarden. Dat kléngt jo gutt, mee d’Temperaturen drängen een dozou, sech méi waarm unzedoen. E Freide sinn um Kierchbierg a ronderëm just maximal 15°C ze erwaarden, allerhéchstens 16°C. Vun 20 Auer un rëtschen d’Wäerter op ënner 10°C.
E Samschde wiessele sech Sonn a Wolleken of, zumools a Richtung Owend gëtt den Himmel erëm ëmmer méi kloer. D’Temperature si mat héchstens 14°C ënnerwee, no 20 Auer rëtsche mir awer erëm lues a lues op ënner 10°C.