
Fir eng véiert Kéier hannerteneen geet dëse Weekend d’Festival-Saison vum Luxembourg Open Air (LOA) un. D’Aussiichten a Saache Météo gesi fir de Belval esouguer richteg gutt aus.
D’Saison geet erëm un!
De LOA-Festival ass do fir ze bleiwen: Schonn eng véierte Kéier hannerteneen starte si zu Esch bei den Héichiewen an d’Saison eran. Wéi een et duerch déi vergaangen Editioune schonn wees, brénge si ee grousse Numm nom aneren op Lëtzebuerg. Dës Kéier mat dobäi sinn d’Mainstage-Headliner JOHN NEWMAN, BISCITS, MATT SASSARI, TOBY ROMEO, NERVO, TOPIC, KOMMANDO a JAXOMY. D’Barrakud Stage aus Kroatien ass och erëm mat dobäi, do suergen d’Headliner LUCIID a XENIA fir déi bescht Techno-Stëmmung.
Net ze vergiessen eis DJ’s vun heiheem: Den Alberto Stocco, Almighty A, Anya, Blueteck, Bouncr, Chazo, Comp. Winner, CRZDR, Cunha, D3cent, Dahne, Dasic, Difino, Flex Orlando, Freezy, Iza, Israa, Jil Wagner, Luminé, Maxx, Messiah Black, NOSI, Pinkspace, Ragner, Ryzelle, SGI, Spyn, Svntos, Tanzgeist an The Construct.
Am ganze ginn et dës Editioun esouguer véier Stages: D’Mainstage, d’Techno Stage an och d’Rave Cave, an där och all d’Bass Heads op hir Käschte kommen. Ganz nei mat dobäi ass en Technobus, an dem haaptsächlech Hardtechno opgeluecht gëtt – eng Première zu Lëtzebuerg!
Wéi dinn ech mech un? Spillt d’Wieder iwwerhaapt mat?
D’Wieder huet genee esou Loscht op de Weekend ewéi Dir, an dowéinst wäert sech am Laf vum Freide no a no den Héichdrockafloss besser bei eis duerchsetzen. Fir unzefänke sinn am Nomëtte mol nach e puer Wolleken ënnerwee, d’Sonn weist sech awer och dotëscht. D’Temperature leie bei engem Maximum vun ëm 17°C. A Richtung spéideren Owend a Nuecht gëtt den Himmel ëmmer méi kloer, d’Temperature wäerte géint 19 Auer nach bei 16°C leien. Vun 21 Auer u gëtt et eréischt méi kal, d’Temperature tëschen op 13°C an an de Stonnen drop lues awer sécher drënner.
E Samschdemëtte geet et fir de Start vum zweeten Dag sonneg un, et sinn héchstens vereenzelt Schleierwolleken um Wierk. D’Temperature leie bei ëm 17°C a schaffe sech a Richtung spéidere Nomëtten op hire Maximum duer, deen géint 17 Auer mat 19 bis 20°C soll erreecht ginn. Et bleift weiderhi sonneg bei héchstens e bësse Geschleiers um Himmel, reene soll et net. Am Laf vum Owend killt et erëm lues a lues of, um 19 Auer soll et op tëscht 17 a 19°C erofgoen a géint 23 Auer solle mir nach bei ëm 13°C leien.