Silvester 2018/2019: Den Oflaaf

Silvester ass do! Wéi ëmmer gëtt et dozou och en détailléierte Verlaaf, vir dass Dir och vu näischt haut den Owend iwwerrascht gitt. Iech all e gudde Rutsch!

Mëll, mee Fisemreen méigleg

Haut u Silvester, also dem Méinden, ass et meechtens gro an dréiw. Fisemreen ass do och ëmmer mol rem dobäi, genee wéi an de leschten Deeg och schon. An de nächste Stonne kann et plaatzeweis zu manner groe Momenter kommen, mee wann d’Wollécke remkommen, da kann et eben och rem zu liichtem Reen oder Fisemreen kommen.

Den Owend géint 18 Auer wärt et ëmmer nach haaptsächlech dréiw sinn, just lokal ass et e bësse méi frëndlech. Bei Temperaturen, déi tësche 4 a 7 Grad leien, ka Fisemreen virkommen.

Géint 21 Auer gëtt et am Allgemenge keng Ännerung waat de Wiederzoustand ugeet. Eis Temperature gi liicht zréck a leie mëttlerweil nach bei 3 bis 5 Grad. Fisemreen ass ëmmer nach plaatzeweis méigleg.

Ab Mëtternuecht klëmmt zousätzlech zu der Wahrscheinlechkeet vum Fisemreen och nach d’Méiglegkeet vu méi décke Niwwelfelder. D’Temperature leie bei 2 bis 4 Grad, eng Jackett wier also net schlecht. De Wand bléist an der Moyenne mat 2 bis 9 km/h aus westleche bis nordwestleche Richtungen, an de Spëtzte sinn 10 bis 20 km/h dran. Dës Informatioun dierft nëtzlech sinn, wann een dëst Joer Rakéite schéisst.

No Mëtternuecht, also ab der zweeter Nuetshalschend, gëtt et net besser. Verbreet ass et fiicht, an daat bis an den Dënschde selwer eran. Et gëtt sou zimmlech sou, wéi mir et och aus de leschte Silvesterowenter/- moienter gewinnt waren.