Silvesternuecht: Geomagnéitsche Stuerm kéint fir fotografesch Polarliichter suergen

De Space Weather Prediction Center huet eng Virwarnung virun engem G3-geomagnéitesche Stuerm ausgeruff. Setzt e sech an d’Realitéit ëm, da wieren an dëser Nuecht fotografesch Polarliichter ze gesinn. D’Wieder hält awer net vill dovun.

Titelbild: DALL-E (KI)

Advertisement

Den SWPC huet eng Virwarnung erausginn

Den amerikanesche Space Weather Prediction Center huet fir d’Nuecht op Silvester eng Virwarnung virun engem geomagnéitsche Stuerm vum Niveau G3 erausginn. Si ginn dovun aus, dass eis an de nächste Stonnen e sougenannte koronale Massenausworf (kuerz CME) soll erreechen. Duerch dës CME’en kënnt et op der Äerd zu Polarliichter, well d’Magnéitfeld agedréckt gëtt – vereinfacht gesot. Je no Intensitéit vum CME kënnen d’Polarliichter bis a méi niddereg Breete siichtbar ginn, änlech wéi am Mee vun dësem Joer.


Déi aktuell Berechnungen a Saache KP-Index fir déi nächst Stonnen | Grafik: polarlicht-vorhersage.de

Et gëtt berechent, dass de KP-Index an dëser Nuecht Wäerter vun ëm 5 wäert erreechen. De KP-Index seet aus, wéi wäit südlech d’Polarliichter potenziell ze gesi sinn. Fir dass een se hei zu Lëtzebuerg eenegermoosse gutt mat der Kamera (per Laangzäitbeliichtung) gesäit, muss dësen bei mindestens 6 oder 7 leien. Sollt den CME wéi erwaart antrieden, da kann dat de KP-Wäert séier op de néidege Niveau unhiewen.

Egal wéi ass kee beandrockende Polarliicht-Display wéi am Mee ze erwaarden, an awer kéint et theoretesch fir e puer fotografesch Siichtungen iwwert de Kontinent verdeelt duergoen. Siichtunge bis erof un d’Alpe wiere net onméiglech. Wat d’Wieder heiheem betrëfft muss een awer soen, dass et, ganz vum tatsächlechen Impakt vum CME ofgesinn, d’Chancen fir eng Siichtung immens schlecht sinn. Eventuell sitt Dir jo awer iergendwou am Ausland, wou et net esou niwweleg ass.