Sintra: Blesséierter duerch Bëschbränn a Portugal

A Portugal, am Naturpark vu Sintra, ass an der Nuecht op de Sonndën e Bëschbrand ausgebrach. Mëttlerweil soll dësen awer ënner Kontroll sinn, wéi e Spriecher vun de Pompjée matdeelt.

Feier ënner Kontroll

Am Naturpark, ronn 40 Kilometer westlech vu Lissabon, ware méi wéi 700 Pompjéen am Asaatz. Beim Feier goufen op mannst 18 Leit blesséiert, vun Doudëgen ass keng Riets.

Duerch ongënschtëg Wiederkonditioune war et am Ufank ganz schwéier, géint d’Flaamen unzekommen. De Wand haat et ëmmer rem ugefong an ausgebreet. Réicht wou de Wand am spéidere Verlaaf vum Sonndëvirmëtten ofgeholl huet, konnt ee méi effektiv géint d’Flaame virgoen. Ongeféier 350 Leit goufen a Sëcherheet bruecht.

Bis de Mëttwoch ass kaum nach mat staarkem Wand ze rechnen. D’Temperature ginn och däitlech zréck, soudass d’Feier demnächst ganz bekämpft sollt sinn. Wisou de Bëschbrand ausgebrach ass, ass bis op weideres onkloer.