Sizilien: Tornado-Ausbroch um Dënschden

Um Dënschden ass et op Sizilien zu engem reegelrechten Ausbroch vun Tornadoe komm. Vill hu sech iwwer Waasser forméiert, ier se u Land gezu sinn.

Um Dënschde, 16. November 2021 goufen op Sizilien 10 Tornadoen dokumentéiert. Hei sinn e puer Andréck dozou, ënnert anerem vun Trapani.

Eng Rëtsch weider Tornadoe konnten dokumentéiert ginn

Doriwwer eraus ass et zu Berichter op de soziale Medie no lokal zu Knëppelsteng vu bis zu 4 cm am Duerchmiesser komm. Haut um Mëttwoch si besonnesch am Oste vun der Insel weider Onwieder ze erwaarden.