SkyWatch-Bilan: D’Performance vun eisem lokaliséierte Warnsystem am Joer 2024

175 Warnungen, 152 Hiweiser. Héchst Aktivitéit am Mee & am August. Zu 82,6% goufen déi definéiert Gebitter genee getraff, a 77,4% vun der Fäll och exakt zur benannter Zäit. En ausféierleche Bilan zur Verifikatioun & zum Potenzial zur Verbesserung.

Advertisement

Héich Präzisioun a geziilt Hiweiser & Warnungen

Eise polygonbaséierte Wiederwarnsystem SkyWatch, deen den éischten an eenzege vu senger Zort zu Lëtzebuerg ass, huet sech am Joer 2024 als zouverlässeg Ergänzung zu de bestoende Warnmethoden bewisen.

Am Géigesaz zu traditionelle Warnsystemer, déi grouss Warngebitter benotzen, setze mir mam SkyWatch op (hyper)lokaliséiert Warnungen, besonnesch bei kuerzliewege Phänomener wéi Donnerwieder. D’Zil ass, geziilt an effizient ze warnen, fir iwwerflësseg Warnungen ze vermeiden an de Risk vu Warnmiddegkeet ze reduzéieren. Déi héich Präzisioun vun de Warnungen an Hiweiser huet 2024 gewisen, dass dës Strategie op punktgenee Gebitter kann ugepasst ginn.

Fir d’Präzisioun vun eisem SkyWatch-System an der Realitéit ze evaluéieren, hu mir den Tool “SkyCheck” entwéckelt. Dësen erméiglecht et, all eenzel Warnung an Hiweis aus dem Joer 2024 op eng streng a systematesch Manéier ze analyséieren. Dobäi gëllt eng immens strikt Bewäertungsmethod, duerch déi schonn déi klengst Differenz tëscht Prognos a Realitéit dozou féiert, dass eng Warnung net méi als exakt korrekt gezielt gëtt. Beispillsweis gëllt eng Warnung nëmmen dann als korrekt, wann all d’Parameter exakt zougetraff hunn. Sollt och nëmmen een eenzegen dovun méi schwaach oder méi staark ausgepräägt gewiescht sinn, gëtt d’Warnung schonn “nëmme” nach als gréisstendeels korrekt klassifizéiert. Dës Methodik garantéiert eng objektiv Evaluatioun an erlaabt et, d’Stäerkten an d’Potenzial fir weider Verbesserungen ze identifizéieren.


D’Verhältnis vun de Warntypen a Wiederhiweiser iwwert d’Méint am Joer 2024 | Grafik: Météo Boulaide/SkyWatch

Am ganze goufen 175 Warnungen a 152 Hiweiser erausginn. Dës Zuel wierkt héich, mee dat hänkt domat zesummen, dass 85,7% vun alle Warnungen zellbaséiert Donnerwiederwarnunge waren. Wat déi allgemeng Performance ugeet, ware 74% vun alle Meldunge gréisstendeels korrekt bis korrekt. A Saache räimlecher Präzisioun hunn d’Wiederphänomeener an 82,6% vun de Fäll déi markéiert Géigende genee getraff, a 77,4% vun de Fäll sinn d’Wiederphänomeener an der definéierter Zäitspan opgetrueden. De Prozentsaz vun de Phänomeener, déi sech entweder fréizäiteg opgeléist/ofgeschwächt oder och zäitlech versat opgetruede sinn, beleeft sech op 20,8%. D’Intensitéite vun de Phänomeener goufen 186 mol (56,9%) korrekt ageschat, 85 mol (26%) ware se méi schwaach a 52 mol (15,9%) ware se méi staark.

Ganze Performance-Bilan: Performance des SkyWatch-Systems im Jahr 2024 (PDF, 4,69 MB)

D’Joer 2024 war gepräägt vu markante Wiederextreemer, déi an Erënnerung bleiwen: Iwwerschwemmungen, Knëppelsteng, Stuerm a Superzellen mat Tornadopotenzial. Nieft enger déifgrënneger Analys zum Warnsystem, senger Funktiounsweis a Performance, gi mir an dësem Bericht och detailléiert op e puer vun dësen Evenementer an a weisen, wéi mir se per SkyWatch konnte verfollegen an dokumentéieren. Anerersäits gi mir op Punkten an, déi mir gären an de nächste Méint géife verbesseren an optiméieren.