SkyWatch: Météo Boulaide huet en eegene Warnsystem entwéckelt

Nom Ufank vun den Aarbéchten am September 2023 ass “SkyWatch” haut endlech do! Dëse System erméiglecht et, op eng däitlech méi lokaliséiert Aart a Weis ze warnen – am Idealfall esouguer virun Tornadoen.

Intro

Météo Boulaide leet zanter ville Joren en immense Wäert op genee an zäitlech Warnunge viru Wiedergeforen zu Lëtzebuerg – esou vill Leit wéi méiglech solle sech schonn kënnen am Viraus virbereeden. Zu Lëtzebuerg si Stierm, Donnerwieder an Iwwerschwemmungen fir de gréisste Schued verantwortlech. Dofir hu mir e Konzept opgestallt, wat sech perfekt fir eist Ländchen eegent. Dëst setzt sech zesummen aus Donnerwieder-Outlooks, Virwarnungen an och den Akutwarnungen, déi zanter dem 20. Februar a Form vun geografesche Polygonen duergestallt ginn. Dës Phasen droen dozou bäi, d’Leit nach méi effizient kënnen ze warnen an hinnen och ze hëllefen, de Background vun de Wiedergeforen besser ze verstoen.

Virun allem soll domat awer och dem “Iwwerwarnen” entgéintgewierkt ginn – SkyWatch erméiglecht et nämlech, dass just déi Géigende bewarnt ginn, wou et wierklech dowäert ass – an domat och just déi betraffe Persounen. Ginn déi festgeluecht Warnschwellen esou just net erreecht, da gëtt mat Hiweiser geschafft. Esou kann e gewësst Vertrauen oprechterhale ginn, wat am Eeschtfall immens wichteg ass.

Phas 1: Donnerwieder-Outlooks

Un Deeg mat enger potenziell warnrelevanter Donnerwiederlag gi mir an de fréie Moiesstonnen e sougenannten “Donnerwieder-Outlook” eraus (och nach Convective Outlook genannt), deen markéiert, wéi eng mëtteleuropäesch Géigenden am Laf vum Dag vu kräftegen Donnerwieder kéinten betraff sinn an och mat wéi enger Intensitéit. Et ass eng éischt grob Aschätzung, se gëlle weder als Virwarnung nach als Warnung.


Donnerwieder-Outlooks ginn et schonn zanter 2014/2015, goufen an de leschte Joren awer weider ausgeschafft.

Phas 2: Virwarnungen

Nodeems sech am Laf vun de Stonnen déi atmosphäresch Bedingungen weider konkretiséieren, gi mir am Idealfall Virwarnungen eraus. Dës kommen dann meeschtens tëscht 3 a 6 Stonnen ier potenziell warnrelevant Wieder soll zouschloen. Virwarnunge markéieren déi Géigenden, fir déi an de nächste Stonnen en erhéicht Potenzial fir Onwiederen besteet.


D’Schwellen, déi a Saachen Donnerwieder fir eng Virwarnung mussen erreecht ginn

D’Zutaten stinn also zur Verfügung, allerdéngs ass nach net gewosst, wat d’Atmosphär am Endeffekt wierklech dorauser mécht. Dohier ass och eng Virwarnung ëmmer nach keng Warnung, an dohier keng 100%eg Sécherheet, dass et wierklech hefteg gëtt. Virwarnungen weise schonn e bësse besser wéi d’Donnerwieder-Outlooks, wou deemnächst Gefore kënnen optrieden. Et kann ee sech schonn mol op e méiglechen Eeschtfall virbereeden.


Beispill vun enger Virwarnung, déi deemools an ëmgefalene Beem zu Lëtzebuerg an zwee Tornadoen a Nordrhein Westfalen resultéiert hat.

Phas 3: Akutwarnunge per Polygon

Déi drëtt a wichtegst Phas sinn dann déi tatsächlech Warnungen. Ënnert enger Warnung versteet een, dass d’Gefor drop an drun ass oder och schonn amgaangen ass. Mam neie SkyWatch-System kann duerch d’Kombinatioun aus Radarbiller a Polygon-Markéierunge genee identifizéiert ginn, wou dat warnrelevant Wieder läit, wéi intensiv et ass a wou et hinzitt.


Beispill vun enger akuter Donnerwiederwarnung op der SkyWatch-Kaart. E Klick oder Tap drop mécht eng Fënster op mat alle néidegen Informatiounen. Hannerluecht ass de Wiederradar vum Däitsche Wiederdéngscht DWD.

D’Warnung daucht net nëmmen op der SkyWatch-Kaart um Site an och an der App op, mee op Social Media ginn och dofir zougeschnidde Grafike gepost. Op dësem Wee kënnen a kuerzer Zäit vill Leit erreecht ginn, déi dann och jeeweils ganz genee kënnen iwwert d’Gefor informéiert ginn.


Eng simuléiert Tornadowarnung fir den Tornado, deen de 9. August 2019 am Südwesten aktiv war. Duerch déi vill Meldungen hätt een theoretesch kënnen esou warnen. Grafike wéi dës (also och Donnerwiederwarnungen an anerer) ginn op Social Media gepost.

Allgemeng Virdeeler vum Warnsystem

Eis Warnungen, déi op Polygonen baséieren, brénge präzis Informatioune mat sech, déi op spezifesch Géigenden ofgeschnidde sinn. Doduerch gëtt d’Trefferquot däitlech erhéicht an et gëtt verhënnert, dass ze vill Leit gewarnt ginn, fir déi et net néideg ass – a wann d’Schwellen esou just net erreecht ginn, gëtt mat Hiweiser geschafft.


All Phänomen huet säi Faarfcode, d’selwecht och fir Hiweiser a Virwarnungen. Dës ginn op der SkyWatch-Kaart, esouwéi awer och op allen anere Plattformen, och esou bäigehal.

Zesumme mat de Virwarnungen, déi a verschiddene Situatioune schonn Stonnen am Viraus verëffentlecht ginn, kënne sech d’Leit besser wéi jeemols virdrun schonn éischter op méiglech Gefore virbereeden a sech en alternative Plang fir den Dag iwwerleeën.

De System dréit och dozou bäi, dass d’Leit aus dem Land an och der Groussregioun e bessert Verständnis am Bezuch zum Wieder a senge Gefore kréien. Eist Zil ass et, d'”Weather Awareness” ënnert de Leit nohalteg ze stäerken. SkyWatch soll eng eeschtzehuelend Instanz sinn, déi op e grousst Vertraue stéisst. Bei spezielle Wiederlagen, wéi beispillsweis bei deene, wou en Tornadopotenzial besteet, si mir och staark op Är Meldungen ugewisen. Dës kënnt Dir eis per PN esouwéi awer och ënner hello@clearsky.lu eramellen – am beschten mat Foto, genee Zäit, Géigend a Bléckrichtung.

Inspiréiert un

De System ass inspiréiert um System vum amerikanesche Wiederdéngscht National Weather Service. Si hunn zwar nach en anere Klima wéi mir, an awer ass et déi bescht Virgoensweis fir viru markantem Wieder an Onwieder ze warnen.