Sneak Peek: D’nächst Woch kuerzzäiteg erëm 20 Grad méiglech

Schonn den Dënschde waren déi éischt Hiweiser op kuerzzäitegt méi waarmt Wieder ze gesinn. An Tëschenzäit ass dësen Zenario guer net méi sou onwarscheinlech.

Trend schéngt sech ze confirméieren

De vergaangenen Dënschden hu mir eng éischt Kéier op déi potenziell Entwécklung vum Wieder fir déi nächst Woch gekuckt an hunn erausfonnt, dass haaptsächlech den europäesche Wiedermodell ECMWF d’Warscheinlechkeet vu méi waarmem Wieder ronderëmt de Mëttwoch, 21. Oktober 2020 gesinn huet. Parallel dozou war den amerikanesche GFS enger anerer Meenung: den déiwe Loftdrock iwwert dem Alantik géif sech méi wäit iwwer Europa leeë, wouduerch déi waarm Loftmassen aus dem Mëttelmierraum net iwwer Mëtteleuropa verlafe géife, mee e gutt Stéck méi wäit fort iwwert den ëstlechen Deel vum Kontinent. Mëttlerweil sinn déi zwee Modeller quasi enger Meenung.


Déiwe Loftdrock iwwert de britteschen Inselen & Atlantik an héije Loftdrock iwwert dem Südoste vum Kontinent resultéieren an enger Warmloft-Oder fir Mëtteleuropa | Grafik: wxcharts.com

Kuerzzäiteg Temperature vun ëm 20 Grad net ausgeschloss

Sollten d’Wiedermodeller dëser oder enger änlecher Meenung bleiwen, da wieren um Dënschde Maximaltemperature vun tëscht 14 a 17 Grad ze erwaarden, de Mëttwoch 16 bis 19 Grad (punktuell begrenzt och mol 20 Grad net ausgeschloss) an um Donneschde 15 bis 18 Grad. Iwwerdeems géif de Reen keng gréisser Roll spillen; eréischt vum spéidere Verlaf vum Mëttwoch u sollt d’Schauerwarscheinlechkeet de momentane Berechnunge no erëm lues awer sécher klammen.