Sneak Peek: Kritt sech d’nächst Woch bestännegt Summerwieder duerchgesat?

An den aktuellen Zäiten eng Prognos fir déi nächst Deeg ze maachen ass oft keng einfach Saach. D’Modeller rechne mat staark ënnerschiddlechen Szenarien.

Amerikanesche Modell vs. europäesche Modell

Fir dëse klenge Sneak-Peek op déi nächst Woch huele mir déi zwee gängegst Modeller, den amerikanesche GFS an den europäeschen ECMWF.

Dir hutt de Summer gär a kënnt et kaum erwaarde, bis erëm héich Temperature gemooss ginn? Dann ass den europäesche Modell ECMWF dem aktuelle Modelllaf no (09.07.2020 – 02:48 Auer) warscheinlech dee richtege fir Iech.

De Weekend mécht sech en Héichdrockgebitt iwwer Mëtteleuropa breet, wouduerch dat onbestännegt Wieder aus de leschten Deeg eng kleng Paus mécht. Et ass méi laang um Stéck sonneg an och déi liicht Nidderschléi wäerte net méi sou oft bis guer net méi virkommen. D’Temperaturen hale sech awer nach a Grenzen, réischt op der Récksäit vum Héichdrockgebitt solle rem méi waarm Loftmassen an eis Géigenden transportéiert ginn.

ECMWF: Summerlech Period scho gläich méiglech (wxcharts.com)

Ufanks der nächster Woch verlagert sech d’Héichdrockgebitt ëmmer méi wäit an den Oste vun Europa a verschwënnt méi oder manner duerch en Déifdrockgebitt, wat iwwer Russland läit. Dem ausgesichte Modell no etabléiert sech e klengt Déif, wat sech vum südleche Frankräich bis erop an de Südweste vun Däitschland zéie wäert. Et entsteet en Zesummespill aus dësem Déif an dem Azorenhéich iwwert dem Atlantik, dat et erméiglecht, dass fir eng Zäit rem waarm a summerlech Loftmassen aus dem Südweste vun Europa kënnen ugezaapt ginn. Confirméiere sech dës Berechnungen, dann hätte mir et och de ganze Rescht vun der nächster Woch mat summerlechem an eventuell souguer héichsummerlechem Wieder vu 25 bis iwwer 30 Grad ze dinn.

GFS: Variabelt Wieder geet monter virun (wxcharts.com)

Amerikanesche Modell op ganz anerem Trip

Méi ënnerschiddlech kéinten d’Modeller de Moment net sinn. Iwwerdeems den europäesche Modell ECMWF eng méi oder manner stabil Héichsummer-Situatioun fir bal déi ganz nächst Woch op eis duerkomme gesäit, bleift den amerikanesche GFS bei deem Bild, un dat mir eis an de leschten Deeg a Woche gewinnt hunn – et soll variabel bleiwen.

De GFS rechent domat, dass déi potenziell Zoufuer vu waarme Loftmassen, déi den europäeschen ECMWF berechent, däitlech manner intensiv ausfalen an déiwe Loftdrock méi d’Haaptroll iwwerhuele wäert. D’Héichdrockgebitter sollen an engem Rimm vun den Azoren bis iwwert de Mëttelmierraum eraus dominéieren, iwwerdeems vum Atlantik hier op der Héicht vun eise Breeten ëmmer rem Déifdrockgebitter mat hire Frontesystemer iwwer Mëtteleuropa ewechzéie sollen. Sollt sech dës Berechnung duerchsetzen, dann hätte mir et dagsiwwer mat Maximaltemperature vun tëscht 16 an 23 Grad ze rechnen – ënnerduerchschnëttlech fir e Mount Juli. Mat dobäi: den allsäits bekannte Mix aus Sonn, Wolleken a vereenzelte Nidderschléi duerch d’Passage vun de Fronten.