
De Sonnde war net nëmmen de leschten Dag vun der elo rezenter Keeltperiod, mee et war och de keelsten. An de Moiesstonnen ass et däitlech ënnert all déi Wäerter gaangen, déi mir an de Moienter virdrun gesinn haten.
Un der Kachelmann-Wiederstatioun zu Béiwen beim Stauséi ass den Thermometer bis op -14,1 Grad zréckgaangen. Dës Plaz gëtt sech esouguer direkt mat dräi anere Wiederstatioune gedeelt.
- Béiwen: -14,1°C
- Käerch (ASTA): -14,1°C
- Schëmpech (ASTA): -14,1°C
- Ueschdref (ASTA): -13,7°C
- Breedelt (ASTA): -13,6°C
- Useldeng (ASTA): -13,4°C
Donnéeë: Kachelmannwetter, AgriMeteo (ASTA) | 18. Dezember 2022
Déi nächst Deeg wäerte näischt méi mat Wanter ze dinn hunn. An de Nuechten esouwéi och am Dag klamme mir wäit iwwert de Gefréierpunkt.