Polarliichter zu Lëtzebuerg

Op der Sonn koum ët zu der gréisster Eruptioun zanter 12 Joer. E Sonnestuerm gouf ausgeléist, deen elo op d’Ärd getraff ass. Der NASA no soll e sou staark sinn, dass ët souguer Problemer mat de Satelliteniwwerdroungen komme kéint.

Polarliichter als Konsequenz

Duerch Sonnestierm kënnt ët op der Ärd ëmmer rëm zu Polarliicht-Siichtungen, dëst nët nëmmen un de Polen. Oft sinn se bis a Norwegen oder de Süden vu Schweden ze gesinn.

Des Sonneneruptiounen, déi ët elo gouf, haaten vereenzelt eng Stärkt vun X9,3. Vir d’Lescht koum soueng staark Eruptioun virun 12 Joer vir. De Sonnestuerm ass an der leschter Nuecht op d’Ärd getraff. Berechnunge no sinn an der Nuecht op de Samsden (09.09.2017) Polarliichter bis an eis Géigenden eroof ze gesinn. Dëst nët nëmme fotografësch, also per Spigelreflex a Laangzäitbeliichtung, mee och mam bloussen Aan.

Wieder spillt nët mat

An dëser Nuecht wärt ët bedeckt bleiwen, dobäi reent ët mat Momenter och mol méi zolitt. Schlecht Konditiounen also vir d’Polarliichter beobachten ze kënnen, ausser dir sëtzt am Fliger oder befannt Iech iergendwou op enger Plaatz a Mëtteleuropa, wou den Himmel manner wolléckeg ass an ongeféier op der Héicht vu Lëtzebuerg läit oder weider rop.

Vir unzeginn, wéi wäit eroof d’Polarliichter siichtbar sinn, gëtt ët de sougenannte KP-Index. Bei engem KP-Index vu 6 kann een schon dovunner ausgoen, dass een der a Lëtzebuerg per Spigelreflex erkenne kann. Vir se gutt mam bloussen Aen ze gesinn, ass mindestens KP 8 néideg, waat awer kaum virkënnt. Berechnunge no läit de KP Index an dëser Nuecht bei 6. (08.09.2017 – 09.09.2017).

Op dëser Kaart gesäit een, waat dësem Index entsprëcht.


Grafik: aurora-service.eu