A leschter Zäit héiert een ëmmer erëm vill iwwer Sonneneruptiounen. De Weekend gouf et där erëm, haut de Mëtte sollten dann d’Partikelen dovun op der Äerd antreffen. Kréie mir et dann mat Polarliichter ze dinn?
Advertisement
Viru kuerzem eréischt Polarliichter bei eis
D’Aktivitéit op der Sonn geet no Zyklen – an de Moment hu mir eng méi aktiv Phas. Duerch dës koum et beispillweis schonn Enn d’lescht Joer direkt e puer mol zu Polarliicht-Siichtungen zu Lëtzebuerg – deels esouguer mam bloussen Aen. D’Thema bleift och elo weiderhin interessant, well sech de Weekend erëm villes op der Sonn gedoen huet. Et koum erëm zu mindestens zwee “koronale Massenauswërf”, kuerz CME. Een dovu sollt schonn ukomm sinn, den anere gëtt am Laf vum Nomëtten hei op der Äerd erwaart.
Bei esou engem CME gëtt Plasma ausgestouss, d’Auswierkungen dovu sinn dann meeschtens no e puer Stonnen op der Äerd miessbar. Den Ausbroch vum vergaangene Freiden huet sech op der zu eis geriichter Säit vun der Sonn zimmlech südwestlech befonnt, esoudass de CME net riicht op d’Äerd geriicht war. Dohier war/ass d’Warscheinlechkeet vu Polarliichter de Moment net immens grouss.
Weideren Ausbroch de Weekend
No dësem CME koum et de Samsdenowend zu engem weidere kräftegen Ausworf – dëse war a Richtung Äerd geriicht a soll eis dann haut am Nomëtte mat enger Vitesse vu 600 bis 700 km/s treffen. Wa mir eis d’Berechnunge vum sougenannte KP-Index ukucken, sollt och dësen net fir Polarliichter an eise Géigende suergen. De KP-Index seet aus, wéi wäit südlech d’Polarliichter potenziell ze gesi sinn. Fir dass een se hei zu Lëtzebuerg gesäit, muss dësen bei mindestens 7 leien. Elo de Mëtten läit en de Prognose no bei 5, an der Nuecht tëscht 3 a 4. Bis en Donneschden pendelt e sech awer erëm bei 2 an. Dës Wäerter sinn awer net definitiv a kënne, je nodeems sech d’Situatioun tatsächlech entwéckelt, wäit no uewe korrigéiert ginn.
Wat huet dat elo ze bedeiten?
Et besteet definitiv d’Potenzial, dass an de nächsten Deeg de KP-Index méi héich ausfällt wéi erwaart – mee genee esou kann et och an déi aner Richtung goen. D’Prognos vu Polarliichter ass souwisou schonn zimmlech schwéier, et kann ee se op kee Fall mat Wiederprognosen vergläichen. Hei spillen och nach méi Faktoren mat: Well et sech direkt ëmt e puer CME’en handelt, déi op d’Äerd ënnerwee sinn, kënnen dës um Wee och mateneen interagéieren. An der Vergaangenheet hu mir gesinn, dass déi sech entweder géigesäiteg kënne verstäerken oder awer och ofschwächen. Op alle Fall rechent d’NOAA mol mat engem méigleche Sonnestuerm.
Et muss een also d’Berechnungen am Aen halen. Et ass, ganz vereinfacht gesot, eng 50/50 Situatioun.
Quellen: polarlicht-vorhersage.de, mdr.de