Sonnestuerm erhéicht Chancen op Polarliichter an eise Géigenden

Den Donneschde gouf et e staarke Sonnestuerm: déi gelueden Deelercher sinn a Richtung Äerd ënnerwee an erreechen eis all Moment.

An de nächsten Deeg wier et net verwonnerlech, wann iwwert eise Breeten Polarliichter ze gesi wieren. Zwar net sou wéi een et aus de polare Géigende kennt, mee fir liicht visuell Siichtunge kéint et duergoen. Méiglech gëtt dëst duerch e staarke Sonnestuerm, deen sech den Donneschden, 28. Oktober 2021 op der Sonn ereegent huet. De Sonnestuerm gehéiert wuel zu der stäerkster Klass “X”, gouf awer der klengster Stuf “1” zougeuerdent. Déi bescht Chancen, se iergendwéi anzefänken oder ze gesinn, ass per Spigelreflexkamera & Laangzäitbeliichtung.


E Sonnestuerm léisst d’Warscheinlechkeet vu Polarliichter an eise Breete klammen | Animatioun: NASA

An d’Wieder?

Dat klengt alles zimmlech interessant, mee d’Wieder spillt net sou richteg mat. An de kommende Nuechten si vill Wolleken ënnerwee an et reent dobäi och. D’Chancen fir Polarliichter zu Lëtzebuerg sinn also zimmlech geréng.

Wéi d’Aussiichte sinn, fannt Dir hei

Och wa mir se net gesinn, kënne se sech op eng aner Aart weisen – duerch d’elektromagnéitesch Stralen kéint et nämlech sinn, dass et zu Problemer mat de Kommunikatiouns- a GPS Signaler kënnt, wéi et an der Vergaangenheet schonn méi oft war.