Sou beaflossen eis d’Iwwerreschter vum Ex- Hurrikan LORENZO um Freiden

Den Hurrikan LORENZO ass an der Nuecht op de Mëttwoch resp. um Mëttwochmoien iwwert d’Azoren ewechgezunn. Et goufe Wandspëtzte vun em 200 km/h areecht, d’Welle waren deels iwwer 15 Meter héich. Mee wéi geet et weider?

LORENZO just nach aussertropescht Déifdrockgebitt

Den Hurrikan LORENZO ass zanter dem Mëttwochnomëtte just nach en aussertropescht Stuermdéif an zitt a Richtung britesch Inselen. Op séngem Wee dohi produzéiert de Stuerm awer ëmmer nach Wandspëtzte vun tëscht 140 an 160 km/h. Vum Donneschdemoien un (03. Oktober 2019) gëtt et un de Küste vun Irland ëmmer méi stiermesch. De Modellrechnunge no sollen duerch de LORENZO nach Spëtzte vu bis zu 140 km/h optriede kënnen. Mat dobäi muss mat markante Welle gerechent ginn. De National Hurricane Center mellt, dass un de Küste liewensgeféierlech Konditiounen duerch Welle méiglech sinn.

De LORENZO huet wärend sengem Parcours sou grouss Wellen ausgeléist, dass se souguer nach bis un d’Ostküsten vun den USA nozeweise sinn. (Grafik: hurricanes.gov)

Bis an de Freidemoien eran zéien d’Iwwerreschter vum LORENZO nach an England eran. Am weidere Verlaf vum Freide verlagert sech de Kär vum System iwwer d’Nordséi a Richtung Mëtteleuropa. Un der Nordséi kënne nach Spëtzte vun tëscht 60 a 75 km/h areecht ginn, just lokal mol e bëssen driwwer. Zumols ëm dës Joreszäit sinn esou Wandvitessen awer ganz normal fir d’Küsten. D’Iwwerreschter maache sech virun allem mat ville Wolleken an enger ganzer Partie Schauere bemierkbar.

D’Iwwerreschter vum LORENZO zu Lëtzebuerg

Scho wann de System an Irland ukënnt, huet e näischt méi mat engem Hurrikan ze dinn. Dat ass och de Fall, wann d’Iwwerreschter Lëtzebuerg areechen, déi sech virun allem a Form vu ville Wolleken an enger ganzer Partie Schauere weise wäerten.

Um Freidemoien ass et bei eis meeschtens gro, de Kär vum LORENZO läit nach iwwert der Nordséi. Et ass mat Schaueren ze rechnen, dat bei Temperature vun tëscht 6 an 10 Grad. De Wand bléist zu dësem Zäitpunkt mat Spëtzte vu 40 km/h. Am Virmëtte klammen d’Temperaturen op 8 bis 11 Grad an och mëttes souwéi am Nomëtte gëtt et mat 11 bis 15 Grad net vill méi waarm. De Wand hält sech a Grenzen, an de Spëtzte sinn tëscht 30 a 50 km/h ze erwaarden. Also kee Stuerm oder Hurrikan fir Lëtzebuerg! Bis an de fréie Nomëtten eran ass nach mat Reen ze rechnen, ier et awer no a no méi drëche gëtt – zumindest bis an den Owend eran. D’Wolleke bleiwe präsent a bréngen eis méi spéit weider Nidderschléi aus Westen.

Dem LORENZO séng Positioun de Freidemëtten (ARPEGE – wxcharts.com)