South Carolina: Hurrikan IAN trëfft den Owend u Land

Nodeems den IAN de Samsdenowend als Hurrikan vun der véierter Kategorie a Florida u Land gaangen ass, ass e kuerzzäiteg op de Niveau vun engem Tropestuerm erofgestuuft ginn. An Tëschenzäit huet de Stuerm sech awer erëm zu engem Hurrikan verstäerkt a wäert geschwënn zu South Carolina u Land goen.

Dem IAN säi Parcours geet weider

Den IAN ass de Samsdenowend als Hurrikan vun der véierter Kategorie tëscht North Port a Cape Coral u Land gaangen, dat mat gemëttelte Wandvitesse vun 250 km/h – an de Spëtzten driwwer. Laanscht déi ganz westlech a südwestlech Küst vu Florida ass et zu extremen Iwwerschwemmunge komm. Et gëtt vun op mannst 13 Doudege geschwat, genee Zuelen iwwer Vermësster a Blesséierter si net bekannt. Déi betraffe Géigende gesinn aus, “wéi wann eng Bomm ageschloen hätt”.

Vum Tropestuerm erëm zu engem Hurrikan

Iwwerdeems d’Aen vum IAN iwwer Florida gezunn ass, ass de Kontakt mam waarme Waasser vum Golf vu Mexiko ënnerbrach ginn – de Stuerm huet wärend sengem Landgang also massiv u Kraaft verluer. Elo, wou de Stuerm Florida vu West no Ost passéiert huet, ass en erëm iwwert dem waarme Mier ukomm a verstäerkt sech. Zanter gëschter Owend ass den IAN also keen Tropestuerm méi, mee erëm en Hurrikan vun der éischter Kategorie. An der Moyenne generéiert e Wandvitesse vun 140 km/h an dréit weiderhin eng Stuermflut mat séch, déi um weidere Parcours erëm fir gréissere Schued suerge wäert.


Déi aktuell Satellittebiller vum Hurrikan IAN | Animatioun: tropicaltidbits.com

Et gëtt erwaart, dass de Stuerm den Owend, ëmmer nach als Hurrikan vun der éischter Kategorie (mat Pech eventuell esouguer zweet), tëscht Charleston & Georgetown u Land geet. De Wand ass déi eng Gefor, déi aner ass d’Stuermflut – déi ka nämlech tëscht 2 a 5 Meter bedroen.

Et gëtt dem IAN säin drëtte Landgang. Den éischte war am westleche Cuba, den zweeten Florida. Den Drëtte kënnt den Owend dobäi, nämlech South Carolina.