Et gëtt Zäit fir e weideren Update zur Mëttelfrist – ebe well se immens interessant ausgesäit. Ëmmer nach steet eis entweder eng variabel Westwiederlag oder och déi éischt Situatioun mat Flacken un.
Advertisement
D’Wiedermodeller bleiwen interessant
En Donneschden hate mir den éischten ausféierleche Bléck op déi zweet Novemberhallschent ënnerholl, déi och schonn dunn ganz interessant ausgesinn huet. Haut um Méinde gesäit déi ganz Situatioun net vill anescht aus: D’Wiedermodeller weisen ëmmer nach den Zenario, dass sech vum Sonnden un e méi markante Changement ka bei eis weise kommen. Den ee Modell gesäit haaptsächlech eng méi kill Westwiederlag op eis duerkommen, déi eis och mol staarke Wand bis hin zu Stuerm géif op Lëtzebuerg bréngen. Den anere Modell gesäit en éischten Abroch vu wanterleche Loftmassen, deen zumools op de Koppe vum Land fir déi éischt Schnéiflacke vun der Saison kéint suergen.
Den amerikanesche Modell
Fänke mir mat de Berechnunge vum aktuellen amerikanesche Wiedermodell un. Dës Woch etabléiert sech vum Mëttwoch un jo erëm héije Loftdrock, ewéi am Wochenausbléck vun de Moie beschriwwen. Dëse besteet aus enger Verbindung aus engem groussen Héich iwwert dem Atlantik an engem aneren Héich wäit iwwert dem Oste vum Kontinent. Dës “Bréck” géif awer e Sonnden ënnerbrach ginn: Verantwortlech dofir wier en Déif, wat aus dem skandinavesche Raum op d’Nordséi iwwergräift iwwerdeems seng Ausleefer de Gros vu Westeuropa géife beaflossen.
D’Zesummespill aus dem verbleiwende kräftegen Héich iwwert dem Atlantik (südlech vu Grönland) an den Déifdrockgebitter iwwert der Nordséi souwéi awer och nach iwwer Skandinavien selwer géif fir den éischte Virstouss vu polare Loftmasse suergen. Wat Lëtzebuerg ugeet, wieren dann haaptsächlech op de Koppe vum Land déi éischt Flacke vun der Saison net ausgeschloss. D’Period, an där dat méiglech wier, gëtt aktuell op d’Zäit vum 18. bis de 25. November gerechent.
Den europäesche Modell
Dëse Modell huet zwar och e markante Changement an de Berechnungen, geet awer primär net an d’Richtung vum éischte Schnéi. Dësem Modell no brécht eis Héichdrockbréck zwar och zesummen, mee d’Héichdrockgebitt iwwert dem Atlantik läit vill méi wäit westlech. Aus dësem Grond géif dann och d’Verlagerung vun den Déifdrockgebitter aus de nërdleche Kreeser a Richtung Süden méi wäit westlech stattfanne wéi den amerikanesche Modell et gesäit. Dëst hätt zur Konsequenz, dass mir ronderëmt den 18. November ënnert eng mëll südwestlech Stréimung géife geroden – ebe well mir op der viichter Säit amplaz der hënneschter Säit vun engem Déif géife leien. Et wieren dann also méi mëll a fiicht Loftmassen aus dem Mëttelmierraum bei eis um Wierk.
Eréischt a Richtung Mëttwoch, 20. November géif eng kleng Chance dofir bestoen, dass déi kill Loftmasse méi wäit an de Süde vun Europa kéinte virdréngen. Dofir misst dat grousst Héich iwwert dem Atlantik awer eisem Kontinent erëm méi no kommen a sech och zimmledch wäit an de Süden ausbreeden. Doduerch géif et méi kill a méi fiicht ginn mat enger minimaler Warscheinlechkeet fir eenzel Flacken op den héchste Koppen. Richteg wanterlech kill Zenarien mat Dauerfrascht wieren an dëser europäescher Léisung awer wäit ewech. Et géif primär einfach an enger variabler Grousswiederlag resultéieren, déi eis zäitweis och mol dat engt oder anert Wand- oder esouguer och nach Stuermfeld kéint bréngen.
Den aktuelle Fazit
Eis steet en interessanten a spannende Changement un, an dat viraussiichtlech vum Sonnden un. Ob et awer elo déi einfach méi variabel Wiederlag mat vill Beweegung gëtt oder awer déi däitlech méi wanterlech Léisung vum amerikanesche Wiedermodell muss weiderhin ofgewaart ginn. Fest steet awer, dass d’Modeller der Iddi vun engem gréissere Changement zanter dem vergaangenen Donneschde wiederhin trei bliwwe sinn.