Spannenden Donneschden: E puer Zentimeter Schnéi a stiermesche Wand méiglech

Den Donneschde kënnt e klengt Déif vum Atlantik hier an eis Géigende gezunn, wat eis rem e liefhafte Wand mee awer och no langer Zäit rem wanterlecht Wieder brénge kann. Dobäi ass den een oder aneren Zentimeter Schnéi ze erwaarden.

Komplex Situatioun

D’Déifdrockgebitt wat den Donneschden iwwert d’Groussregioun ewechzéie wäert ass immens kleng an huet en héijen Tempo drop. Normal, dass d’Wiedermodeller alleguerte nach ënnerschiddlech Lafweeër vum Kär berechnen. A genee do läit d’Komplexitéit: et spillt eng grouss Roll ob d’Déif knapp nërdlech, knapp südlech oder genee iwwer Lëtzebuerg ewechzitt.

Wat e méi wäit nërdlech laanschzitt, wat mir et mat méi mëlle Loftmassen ze dinn hunn. Et wier dem no also net mat wierklech nennenswäerte Schnéiquantitéiten ze rechnen mee haaptsächlech mat stiermeschem Wand, wa net souguer Stuermstéiss.

Zitt de Kär genee iwwer Lëtzebuerg ewech, kréie mir zwar phaseweis spierbar bis stiermesch Wandstéiss mat, gläichzäiteg kéimen awer gréisser Schnéiquantitéite mat an d’Spill.

Passéiert eis de Kär e Stéck südlech vu Lëtzebuerg, wier de Wand bal net der Ried wäert. Mir hätten et haaptsächlech mat méi wanterlechem Wieder ze dinn, wou e puer Zentimeter Neischnéi zesummekomme kënnen.

Wat soen d’Modeller?

An de nächsten Zeile kucke mir eis un, wat déi eenzel Modeller fir muer berechnen. Op d’Kaarten drécke fir ze vergréisseren.

GFS (wxcharts.com)

Amerikanesche Modell mat nërdlecher Variant

Dem amerikanesche Wiedermodell GFS no passéiert eis dat klengt Randdéif um Donneschdemëtten nërdlech vun eis. E soll méi oder manner iwwert den Dräilännereck Belsch/Holland/Däitschland zéien, wouduerch sech bei eis déi méi stiermesch a bësse manner wanterlech Variant duerchsetze géif. Wandtechnesch gesinn hätte mir et um Donneschdenomëtte mat 50 bis 75 km/h ze dinn, um Owend awer, soubal mir op d’Récksäit vum Déif geroden (um Owend), wiere schwéier Stuermstéiss vu bis zu 95 km/h net onméiglech. Wat d’Schnéiquantitéiten ugeet hätte mir tëscht bal näischt am äusserste Südosten a bis zu 5 cm am Norde vum Land ze erwaarden. Op de Koppe wier och e bëssen eppes driwwer méiglech. Déi stäerkst Nidderschléi wieren am fréie Nomëtten ze erwaarden.

ECMWF (wxcharts.com)

Europäesche Wiedermodell mat quasi Volltreffer

Den europäesche Wiedermodell ECMWF rechent domat, dass eis de Kär vum Déif quasi genee iwwert eise Käpp passéiere wäert – haaptsächlech iwwert dem südleche Lëtzebuerg. An dësem Fall hätte mir et scho méi mat där méi wanterlecher Situatioun ze dinn, well d’Nidderschléi méi oder manner iwwert eis zirkuléieren. Well en Déif géint d’Auer dréint, hätte mir et net nëmmen un der Virdersäit vum Déif mat Schnéischaueren ze dinn, mee och nach kuerzzäiteg op der Récksäit. De Wand géif net sou kräfteg ausfale, wéi wann eis d’Déif nërdlech passéiere géif, sou wéi den amerikanesche GFS et berechent. An dësem Fall si wuel spierbar Wandstéiss bis hin zu stiermesche Wandstéiss vun tëscht 50 a 75 km/h méiglech, mee elo näischt, wat wierklech markant ass. Et kënne Schnéihéichte vun tëscht 5 a 15 cm optrieden, op den héchste Koppe natierlech am meeschten.

ICON (wxcharts.com)

Däitschen ICON mat südlechem Passage

Den däitsche Wiedermodell ICON tendéiert méi dozou, dass eis d’Déif südlech vun eis passéiere wäert. An dësem Fall géife mir net grad sou vill Nidderschléi ofkréie, wéi z.B bei der Variant déi den europäeschen ECMWF berechent. De Modell rechent mat tëscht bal näischt a maximal ëm 5 cm Neischnéi. Wat de Wand ugeet, bréicht ee kaum driwwer ze schwätzen. Et ass zwar e klengt Stuermfeld do, mee dat géif bei antreffe vun dësem vum ICON berechneten Szenario e gutt Stéck südlech un eis laanschtschramme, soudass mir keng warnrelevant Wandvitessen ze erwaarden hätten. Och wéi déi aner Modeller et gesinn, ass den ICON der Meenung dass déi stäerkst Schnéischaueren am fréie Nomëtten optriede kënnen.

ARPEGE (wxcharts.com)

Franséischen ARPEGE mat Schnéi a Stuerm

De franséische Wiedermodell ARPEGE rechent domat, dass de Kär nërdlech u Lëtzebuerg laanschtzéie wäert. Un der Virdersäit kéim et vum Virmëtte bis an de fréie Mëtten eran zu zolitte Schnéischauere, wouduerch Akkumulatioune vun tëscht 3 a 5 cm am Süden a 5 bis 15 cm am Norde méiglech wieren. Op der Récksäit vum Déif, déi eis am spéidere Nomëtten erfaasse géif, géife rem däitlech méi mëll Loftmassen eragefloss kommen. Doduerch géif de Schnéi rem méi a Schnéireen oder Reen iwwergoen. Zäitgläich rechent de Modell mat stiermesche Wandstéiss vun tëscht 80 a 95 km/h, demno wéi kéint souguer un den 100 km/h gekrazt ginn. Haaptsächlech op den héchste Koppe kéint et dann trotzdem nach zu Schnéifall komme, wouduerch schnéistuermarteg Konditioune net ausgeschloss kéinte ginn.

Fazit

Och elo ka nach kee soen, wéi genee dat klengt Déif iwwer d’Groussregioun ewechzéie wäert. Et kann awer sinn, dass sech déi méi wanterlech Variant besser Chancen huet, fir sech duerchzesetzen. Wéi et wierklech gëtt, kristalliséiert sech réischt am Laf vum Donneschden eraus.

Livestream zur Lag vum 25. Februar 2020