Spatz Temperaturen: Bis knapp -10 Grad an der vergaangener Nuecht

Den Temperaturréckgang war ugekënnegt a war resp. ass an Tëschenzäit och gutt ze spieren. Zumools punktuell begrenzt ass et nach e gutt Stéck méi kill gewiescht wéi ufanks erwaart.

Mir leie weiderhin ënner Héichdrockafloss. Duerch eng nordëstlech Stréimung geroden de Moment wanterlech kal Loftmassen op Lëtzebuerg, déi ënnert engem kloren Nuetshimmel fir richteg niddereg Temperature suerge kënnen. No den ugekënnegte bis zu -6 Grad an der Nordhallschent vum Land huet et plazeweis awer op nach méi spatz Wäerter ofgekilt. Esou ware mir de Moien un der Wiederstatioun vun der ASTA zu Breedelt mat -9,6 Grad ënnerwee, direkt hannendru kënnt dann d’ASTA-Statioun vu Schëmpech mat -8,8 Grad. D’Kachelmannstatioun zu Béiwen an der Stauséigemeng huet de Moien um 08:30 Auer -8,6 Grad gemooss an d’ASTA-Statioun zu Ueschdrëf war mat -8,5 Grad dobäi. Fir de Rescht sinn déi erwaart Wäerter vun tëscht -3 a -7 Grad agetraff.

Och déi nächst Nuecht an um fréie Mëttwochmoie muss mat méi staarkem Frascht gerechent ginn, plangt dowéinst e bësse méi Zäit fir d’Scheiwekrazen an, wann Dir aus dem Haus musst. An der Nordhallschent vum Land sollen d’Wäerter op tëscht -4 a -7 Grad zréckgoen, mee wann et erëm sollt méi wäit ofkillen wéi geplangt, da kënnen doraus punktuell begrenzt mol -10 Grad ginn, wa net esouguer nach méi nidderëg Wäerter. An der Südhallschent si mir och mat -4 bis hin zu -7 Grad richteg kal ënnerwee.

Et besteet zwar iwwerall de Risk vu glate Streckenofschnëtter, mee well et sech ëm dréche Keelt handelt, ass dësen net all ze grouss.