Spekulatioun: Den éischte spannende Bléck a Richtung Chrëschtdag

An dësem Artikel kläre mir, wat elo geschéie muss, fir dass mir Chrëschtdag am Wäissen erliewen. Zousätzlech geheie mir e spekulative Bléck op déi momentan Modellkaarten.

Et ass erëm un der Zäit

Et ass Dezember a lues a lues gëtt d’Fro zu wäisse Chrëschtdeeg erëm déi, déi am allermeeschte gestallt gëtt. Haut kann zwar nach kee Mënsch soen, wéi et u Chrëschtdag wierklech wäert ausgesinn, an awer kënne mir e klenge spekulative Bléck an d’Modellwelt geheien. Ier mir dat awer maachen, kläre mir kuerz, wat dann elo eigentlech misst geschéien, fir dass eis Chancen ganz ofgesinn vun de Modellkaarten guer net mol esou schlecht wieren.

Wäiss Chrëschtdeeg, wann…

Wéi Dir mierkt, ass et dobaussen schonn däitlech méi kal ginn. Dëst ass awer eréischt den Ufank, well eis déi kal Loftmasse viraussiichtlech mol nach zimmlech sécher bis Mëtt nächster Woch wäerten erhale bleiwen. Dozou zielen Temperaturen ronderëm a liicht ënner null am Dag & esouguer an de Nuechte kann et plazeweis op bis zu -6 Grad ofkillen – ënner Ëmstänn kann et esouguer drënner goen. Vun der Loftmass hier schéngt et also ze passen an de Fréiwanter kritt sech mat de leschte Jore verglach nawell zimmlech fréi bei eis duerchgesat.

D’Keelt ass schéin a gutt, mee elo stellt sech d’Fro, wou dann de Schnéi bleift. Wat dat ugeet, sinn d’Modellkaarten de Moment wierklech ausgeprach interessant. Et ass déi spannendst Wiederlag zanter op mannst dem Summer! Fir fir d’éischt d’Theorie ze beliichten: Ugeholl déi virausgesote Keelt bleift eis bis Enn Dezember erhalen, oder och nëmmen ongeféier mat nëmme minimalen Ännerungen, da wieren eis Chancen op wäiss Chrëschtdeeg guer net mol esou schlecht. Ënner wäisse Chrëschtdeeg versteet een, dass et un Hellegowend oder u Chrëschtdag selwer eng dënn Schnéicouche dobausse gëtt, oder mindestens en dënne Flom. Dat heescht also, dass dëse Schnéi guer net mol un dësen Deeg selwer erofkomme muss, mee en theoretesch jo eigentlech schonn eng Zäitche laang leie kann.

An do kéint am Idealfall folgenden Zenario an d’Spill kommen: Déi kal Loftmass bleift iwwert eis hänken, an dat bis wäit an déi zweet Dezemberhallschent eran. D’Warscheinlechkeet, dass et iergendwann tëscht elo a Chrëschtdag zu eenzelne Schnéischauere kënnt, ass definitiv present. Akkumuléiert sech doduerch oder duerch widderholl Fäll ëmmer erëm e bësselche Schnéi, da kann dësen op mannst dënne Flom definitiv bis Chrëschtdag iwwerliewen. Mee dat ebe just, wann et keng Ënnerbriechung vun de kille Loftmasse gëtt. An elo gëtt et Zäit, vun der normaler Theorie an déi meteorologesch Modell-Theorie iwwerzegoen.

Déi momentan Tendenzen aus der Modellwelt

Also. Mir siche no enger bestänneger kaler Phas bis op mannst Chrëschtdag. Wat soen eis Modeller dozou?


D’Berechnung vum amerikanesche Modell GFS fir den 20. Dezember (18Z Laf aus der Nuecht) | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Baséiere mir eis op den amerikanesche Wiedermodell GFS, dann soll et net wéi uersprénglech ugeholl bis Mëtt der nächster Woch esou kal bleiwen, mee et steet esouguer eng Verlängerung a Richtung iwwernächste Weekend (16. Dezember) zur Optioun. Esouwäit, esougutt. Duerno soll awer, an dat gëtt elo schonn méi oft esou berechent, “leider” eng Ënnerbriechung vun der momentaner Grousswiederlag stattfannen. Iwwert dem Nordatlantik & dem Raum vun de britteschen Insele solle sech erëm gréisser Déifdrocksystemer breetmaachen, duerch déi däitlech méi waarm Loftmassen aus dem Mëttelmierraum a Richtung Lëtzebuerg geblose ginn. Ënnerstëtzt ginn géif dat Ganzt vun engem kräftegen Héichdrockgebitt iwwert dem Baltikum, wat d’Keelt vu virdrun do uewen iwwert dem héije Nordeuropa hale géif. Dës Stréimung géif net nëmmen erëm fir iwwerduerchschnëttlech héich Temperature suergen, mee och fir e séiert Schmëlzen vun eiser potenzieller Schnéicouche. Sollten déi momentan Kaarte vum amerikanesche GFS also Realitéit ginn, misste mir a Saache Schnéi erëm vu vir ufänken an d’Chancen fir wäiss Chrëschtdeeg wieren zimmlech no bei 0%.

Esouvill iwwert dem amerikanesche GFS… mee wéi ass et mam europäesche Wiedermodell? Den europäesche Modell kann zwar nach net esouwäit kucken, mee bis den 18. Dezember schafft och dësen mat der Iddi, dass eis iergendwann en Déifdrockgebitt vum Atlantik aus erëm däitlech ze waarm Loftmasse brénge kéint. Eis Grousswiederlag kënnt also esou zimmlech un d’Wackelen, wann een den zwee Modeller Glawe schenkt. Fir dass mir awer trotzdem e Bléck a Richtung Chrëschtdag, baséierend um europäesche Modell maache kënne, pake mir d’Laangzäitkaarten aus.

Laangzäitkaarten ECMWF

Kaarten: EFFIS/ECMWF

Wéi mir de Kaarten enthuele kënnen, zitt sech de Beräich mat den ënnerduerchschnëttlech waarmen Temperaturen erëm méi wäit an de Norden zréck (iwwer Buttons d’Woche virundrécken). Wann een dann 1+1 zesummenzielt, da schéngt och den europäesche Laangzäitmodell de Moment der Meenung ze sinn, dass et a Richtung Enn Dezember wuel wierklech e Strapp méi mëll bei eis gëtt. Dat géif also, genee esou wéi den amerikanesche Modell et gesäit, d’Chancen op eng bestänneg Schnéicouche/en dënne Flom bis Hellegowend/Chrëschtdag drastesch reduzéieren.

De Fazit

De momentanen Trend, an dat vun amerikanescher esouwéi och europäescher Säit, weist also mat enger net ze vernoléissegender Warscheinlechkeet eng Erwiermung a Richtung Enn Dezember. Dëst Resultat ass natierlech net definitiv, an awer kéint et e Wegweiser sinn fir déi nächst Zäit. Aus der Siicht vun engem Wanterfrënd hoffe mir natierlech, dass sech déi waarm Léisungen erëm aus de Kaarte verzéien – well wa net, da klappt et och dëst Joer net mat wäisse Chrëschtdeeg.

Den optimalen Zenario wier also deen, wa sech d’Erwiermung eraushale géif an et bis Enn Dezember onënnerbrach kal genuch bleiwe géif, fir dass och dat geréngsten u Schnéi iwwerliewe kéint.