
Kee Mënsch wees, wéi genee déi nächst Méint an och de Wanter wäerte verlafen. An awer kann ee jo mol e Bléck an déi spekulativ Welt vun de Laangzäitmodeller geheien.
Advertisement
Virwuert
Wanterprognose ginn ëm dës Joreszäit gär gemaach, deelweis schreiwe verschidde Medie schonn am Summer driwwer. Dobäi däerft Dir awer net vergiessen, dass all déi Prognosen op Spekulatioun baséieren. D’Wouerécht ass: Kee Mënsch a keng Berechnung kann Iech soen, wéi de Wanter wäert ginn. Wat een awer maache kann ass, d’Laangzäitmodeller ze analyséieren an domat ze probéieren en eventuellen Trend auszemaachen. Dëst maache mir elo an dësem Artikel – dat dës Kéier mat zwee Laangzäitmodeller.
Mir baséieren eis op d’Laangzäitmodell CFS (Climate Forecast System) vun der NOAA an och op den europäesche Laangzäitmodell (EFFIS).
De Rescht vum Oktober
E Bléck op de Rescht vum Oktober ass awer e bësse méi einfach, nieft de Laangzäitmodeller kënne mir nämlech och déi kuerz- a mëttelfristeg Modeller mat dobäihuelen. Dëse no gestalt sech eng Ëmstellung op stabilt Wieder fir de Rescht vun dësem Mount zimmlech schwiereg: Vun elo bis an déi nächst Woch era sti mir ëmmer erëm ënner Déifdrockafloss, deen vum Atlantik hier erandréckt. Eréischt fir d’nächst Woch besteet déi kleng Hoffnung, dass sech vu Mëttwochs un héije Loftdrock duerchgesat kritt. Dat klengt also net esou schlecht, an awer ass de Modell, Stand elo, alleng mat dësem Trend. Den europäesche Modell rechent zwar och, dass den héije Loftdrock et probéiert, soll awer dann trotzdeem ëmmer erëm vun op d’mannst liichtem Déifdrockafloss ënnerbrach ginn. Egal wéi een Zenario vun deenen zwee et wäert ginn: Weder den europäesche nach den amerikanesche Modell gesinn, dass et zu engem markante Réckgang vun den Temperature soll kommen.
Wa mir den europäesche Laangzäitmodell froen, da berechent deen fir d’Woch vum 21. bis de 27. Oktober eng positiv Temperaturanomalie vu bis zu 1°C. Zur selwechter Zäit soll et mat enger negativer Anomalie vun ëm -5 l/m² awer och liicht ënnerduerchschnëttlech vill reenen.
November 2024




De November ass de leschte meteorologeschen Hierschtmount. An dësem läit déi duerchschnëttlech Temperatur bei 5,2°C an et reent 71,7 l/m², op d’mannst mol un der eenzeger representativer Referenzstatioun zu Lëtzebuerg um Findel.
Den amerikanesche Laangzäitmodell rechent domat, dass de Mount an der Moyenne ëm 0,5°C ze mëll kéint ausfalen. Dëst ass zimmlech dat selwecht, wat och den europäesche Modell op eis duerkomme gesäit: En hallwe Grad iwwert dem Duerchschnëtt gëtt berechent.
Och wat de Reen betrëfft, si sech déi zwee Modeller, Stand aktuell, bal eens: Keen vun den zwee gesäit eng nennenswäert Anomalie op eis duerkommen, wat also bedeit, dass mir ongeféier beim uewe stoende Wäert sollten ukommen. Erënnert Iech awer just ëmmer drun, dass dat een Duerchschnëttswäert ass: Trëtt nämlech beispillsweis iergendwou lokaliséierten a markante Reen op, da ka kann et do natierlech och däitlech driwwer goen, iwwerdeems de Gros vum Rescht vum Land mol näischt dovu matkritt.
Dezember 2024




Gi mir viru an den éischte meteorologesche Wantermount, den Dezember. An dësem läit déi duerchschnëttlech Temperatur bei 2,3°C iwwerdeems et 89,5 l/m² reent.
Och am Dezember schéngen et bis ewell nach keng all ze grouss Ënnerscheeder tëscht de Modellrechnungen ze ginn. Gi mir vun der Temperatur aus, da rechent den amerikanesche Laangzäitmodell eng positiv Anomalie vun tëscht 0,5 an 1°C. Geet et dem europäesche no, da wiere mir bei tësdcht 0,25 a 0,5°C.
Fir de Reen sinn déi zwou Berechnunge bal identesch a gesinn erëm déi duerchschnëttlech Zommen op eis duerkommen.
Op den éischte Bléck sti fir de Januar däitlech méi markant Anomalien un, déi mir eis awer zu engem aneren Zäitpunkt wäerten ukucken. Bis dohi rechnen déi aktuell Modeller mat normal naasse Méint mee liicht ze mëllen Temperaturen.