Spëtzte bis em 105 km/h: Zolitt Stuermstéiss um Sonnde méiglech

An et geet virun: De nächste méi grousse Brummer steet virun der Dier a wärt eis um Sonndë passéieren. An Tëschenzäit ass eng Onwiederwarnung vun der oranger Stuf aktiv!

De Fuerplang

De Sonnde passéiert eis e Randdéif/Schnellleefer an zitt mat séngem Kär nördlech un eis laanscht. Dëst bedeit, dass Lëtzebuerg matten an d’Stuermfeld geréit a soumadde schwéier Stuermstéiss ze erwaarde sinn.

Um fréie Sonndemoien, sou ëm 6 Auer, mierkt ee schon wéi et no a no méi lëfteg gëtt. Stiermesch Wandstéiss ab 60 km/h sollten awer nach net areecht ginn. Ab dem Virmëtte geet et séier, déi éicht Stuermstéiss mat bis zu 75 km/h sinn op den éichte Koppe méiglech. Genee wéi um Moie reent et ëmmer nach, potenziell och méi laang unhaalend. Vum Mëtten u geréit Lëtzebuerg an de kräftegste Beräich vum Stuermfeld, wou Stuermstéiss vu 70 bis 90 km/h ze erwaarde sinn. Am Beräich vun enger Schauer oder och engem Donnerwieder (déi iwwrëgens och méiglech sinn), kann de Wand aus méi héiche Loftschichten op de Buedem eroofgemëscht ginn. A souengem Fall wiere lokal begrenzt orkanartëg Wandstéiss vun em 105 km/h net auszeschléissen. Ab dem spéidere Nomëtten/fréien Owend verléiert de Wand lues a lues un Intensitéit an de Reen ka virun allem am Norden a Schnéiflacken iwwergoen – de Grond: Hannert dem Stuermdéif fléissen däitlech méi kill Loftmassen eran, wouduerch an der Nuecht op de Méinden och Buedemfrascht souwéi glaat Stroosse méiglech sinn.

Video vum 09. Mäerz 2019

Aktuell Wieder- an Onwiederwarnungen am Aen behaalen

Vir dës Stuerm-Lag recommandéieren ech Iech, d’Wiederwarnungen ënnert dësem Link am Aen ze behaalen.