Spuenien a Portugal: Weiderhin Iwwerschwemmungsrisk duerch zolitte Reen

Zumools iwwer Südwesteuropa besteet weiderhin de Risk vun Iwwerschwemmungen duerch zolitte Reen, zäitweis ass och mat Stuermstéiss ze rechnen.

Advertisement

Et geet turbulent virun

An dëser Woch leie Portugal a Spuenie weiderhi net besonnesch gënschteg: Nodeems haut schonn erëm en Déif vum Süde vu Portugal eriwwer a Spuenien zitt, beweegt sech am Laf vum Mëttwoch e weidert Déif an d’Géigend. Dëst suergt net nëmmen dofir, dass et groussflächeg zu markante bis zolitte Reenzomme kënnt, mee temporär sinn och stiermesch Wandstéiss mat dobäi. Fir de Weekend gëtt dann nach e weidert Déifdrockgebitt berechent, ier sech d’Situatioun fir d’nächst Woch soll berouegen.


Déi viraussiichtlech Reenzomme laut GFS bis Enn der Woch | Grafik: wxcharts.com

Ier et esouwäit ass, rechent den amerikanesche Wiedermodell GFS bis e Sonnde mat Zomme vun tëscht 70 an 110 l/m², déi laanscht den äussere Weste vu Portugal sollen erofkommen. Och a Spuenien ass op enger Sträif vum Raum Sevilla bis erop, westlech vu Madrid, mat >100 l/m² ze rechnen. Den europäesche Wiedermodell gesäit d’Intensitéit vum Reen nach e bësse méi staark, wouduerch d’Berechnunge vun dësem Modell iwwert dem Weste vu Portugal esouguer an d’Géigend vun den 180 l/m² ginn. An de nächsten Deeg wäert sech erausstellen, ob et de geméissegten Zenario gëtt oder awer de méi zolitten.

Egal wéi et kënnt, steet weiderhin immens vill Reen fir Deeler vum Südweste vun Europa un.