Den Zenario, deen mir schonn e Sonnden an engem Update beschwat haten, konkretiséiert sech elo. Bis muer nach mat hunn déi zoustänneg Wiederdéngschter eng Partie Warnungen erausginn.
Advertisement
Reen weiderhin am Fokus
Op de meeschte Plazen, déi mir elo noeneen ukucken, ass den zolitte Reen den Haaptgrond fir d’Warnungen.
Spuenien
D’Wiedermodeller si sech driwwer eens, dass sech d’Haaptgeschéien op de Raum Malaga esouwéi och d’Küsteregioun ronderëm Valencia wäert fixéieren, wat och en Afloss op Mallorca wäert hunn.
Wat Malaga betrëfft zitt sech d’Geforegebitt vun der Stad selwer bis erof an den äusserste Süden (Raum Tarifa). Simuléiert gi Reenzomme vun däitlech iwwer 100 l/m², punktuell kënnen duerchaus bis ëm 160 l/m² net ausgeschloss ginn.
Fir Valencia stinn fir e Beräich vum Strand bis op d’Mier eraus tëscht 40 a 70 l/m² Reen un, punktuell kann et awer mat bis zu 140 l/m² lokaliséiert och dat duebelt dovu reenen. Mat Pech kéint sech een esou e Peak och op Mallorca entfalen.
Italien
Bis en Donneschden reent et och tëscht Sardinien a Siziien immens vill, oft wäerten tëscht 50 an 80 l/m² erreecht ginn. A wéifern sech dës Zommen och u Land ausbreeden, muss ofgewaart ginn. Op alle Fall besteet awer zumools am Oste vu Sardinien an och am äusserste Nordweste vu Sizilien de Risk vun Iwwerschwemmungen.
Och Griicheland betraff
Och méi wäit am Osten gi grouss Reenzommen en Thema. Virun der Westküst ka sech vun der Héicht vu Kalamata bis erop un d’Grenz zu Albanien eng Sträif zéien, an där et tëscht 50 an 140 l/m² soll reenen. Dëst huet dann natierlech och en Impakt op d’Küsten selwer a kann zu Iwwerschwemmunge féieren.
D’Wiederdéngschter warnen
Opgrond vun dësen Entwécklungen huet de spuenesche Wiederdéngscht fir Malaga, d’Géigende südlech vu Valencia, d’Ëmgéigende vun Amposta, d’Küsten am äusserste Nordoste vu Spuenien an och d’Küsteregiounen vun de Balearen orange Wiederwarnungen aktivéiert. Wat d’Warnung fir den äusserste Nordoste vu Spuenien betrëfft handelt et sech ëmt héich Wellen, déi nach bis den Owend an der Regioun kënnen optrieden. Duerch stramme Wand vu bis zu 70 km/h gëtt virun 3 bis 4 Meter héije Welle gewarnt – maximal bis zu 6 oder 7 Meter. Fir de Gros vun der Ostküst vu Spuenien gëlle giel Warnunge viru Wellen, staarkem Reen an Donnerwieder.
An Italien gëllen orange Wiederwarnunge fir Genoa, Sardinien a Sizilien. Och de griichesche Wiederdéngscht huet fir de Gros vum Land orange Wiederwarnungen aktivéiert.