Spuenien & Mëttelmier: Nei zolitt Onwiederen ze erwaarden

De Méinde koum et rem zu Blesséierten a leider och Doudëge bei schwéieren Iwwerschwemmungen am Süde vu Frankräich, viru knapp enger Woch huet et och Mallorca getaff. Wéi d’Modeller et komme gesinn, geet et och a nächster Zäit mat der onwiederträchtëger Wiederlag virun.

Oste vu Spuenie besonnëg betraff

No de schroen Onwiederen aus de leschten Deeg, déi leider och zu Doudesaffer gefouert hunn, geet et demnächst mat weideren zolitte Reefäll virun.

Dëskéier verlagert sech d’Haaptgeforegebitt an den Oste vu Spuenien (Ëmgéigenden: Tarragona, Peniscola, Castellon de la Plana, Valencia, Tortosa, Torrent, Teruel, Calamocha…). Et forméiere sech deels zolitt Schaueren an Donnerwiederen, déi sech nëmme lues weiderbeweege wärten. Doduerch kann et zu gréissere Reequantitéiten a kuerzer Zäit komme, soudass eben de Risk vu méi schwéieren Iwwerschwemmunge klëmmt. Dem amerikanësche Wiedermodell GFS no kënne bis de spéide Sonndënowend méi wéi 350 l/m² Waasser vum Himmel kommen. Manner extrem, mee ëmmer nach hefteg, gesäit et och den däitschen ICON: Laanscht d’Küst an och u Land selwer ass mat bis zu 200 l/m² ze rechnen.

Ab dem Donnëschde géif dës nei Onwiederlag antriede, wann d’Modellrechnunge net méi ze vill änneren. Berouëge géif et sech dann an der zweeter Halschend vum Weekend.

Akkumuléierte Reen, berechent vum GFS

op d’Grafik klicken/tippe, vir eng méi grouss Usiicht

Akkumuléierte Reen, berechent vum ICON

op d’Grafik klicken/tippe, vir eng méi grouss Usiicht