Spuenien: Nei Abrëll-Rekorder gefall, haut gëtt et nach méi waarm

Wéi e Samsden ugekënnegt, sinn déi fir en Abrëll ongewéinlech waarm Loftmassen a Spuenien ukomm. Schonn gëschter sinn u verschidde Statioune Rekorder gefall, haut gëtt et awer nach méi waarm.

Advertisement

E Mëttwoch schonn nei Abrëll-Rekorder

Zu Sevilla ass den ale Rekord vu 35,4 Grad e Mëttwoch schonn geknackt ginn, 36,4 Grad ass de neie Wäert. Och zu Cordoba ass den ale Rekord vu 34,0 Grad mat 36,7 Grad markant iwwertraff ginn. Net nëmmen a Spuenie weist sech déi fir Abrëll ongewéinlech staark Hëtzt, mee och op der portugisescher Säit: Zu Beja ass e Mëttwoch den ale Rekord vun 32,6 Grad duerch 32,9 Grad ersat ginn.

Elo gëtt et awer nach méi waarm.

Modeller rechne mat knapp 40 Grad

Wéi de vergaangene Samsde schonn thematiséiert, hunn d’Modeller och schonn deemools Maximalwäerter vu ronderëm 40 Grad fir de Süde vu Spuenie berechent. An Tëschenzäit huet sech net all ze vill doru geännert, déi 40 Grad sollten awer just punktuell mol en Thema ginn – wann iwwerhaapt. Op alle Fall ass haut um Donneschden am Raum Osuna mat Maximalwäerter vu 39 Grad ze rechnen, fir Sevilla gi Wäerter vu ronderëm 37 Grad simuléiert. Cordoba sollt haut en Héchstwäert vu 36 Grad gesinn.

Och méi wäit am Norden, am Raum Don Benito, sinn 36 Grad duerchaus méiglech. Op der portugisescher Säit, knapp westlech vu Beja, gi fir haut 37 Grad berechent.

Et ass also zimmlech warscheinlech, dass déi gëschter opgestallt nei Abrëll-Rekorder haut op e Neits iwwertraff ginn – genee esou och eng ganz Rëtsch vun deenen, déi gëschter nach net konnten touchéiert ginn.