Zanter dem Freide ginn a Spuenien & a Portugal 40 Grad a knapp driwwer erreecht. An dësem Artikel kucke mir eis un, wéi laang dat nach esou bleift a wéi et viru geet.
Spuenien & Portugal mat lokal méi wéi 40 Grad
An de leschte Jore kënnt et a Spuenien an och a Portugal mat Hëtztwellen, déi ëmmer erëm Rekorder gebrach hunn. Déi rezent Hëtztwell betrëfft haaptsächlech déi südlech Deeler: A Spuenie schwätze mir vum Raum Cordoba an Sevilla, wou et besonnesch waarm ass. A Portugal ass et méi déi direkt Grenz zu Spuenien, wou och 40 Grad an driwwer erreecht ginn.
E Freide sinn am Süde vu Spuenien schonn 40 Grad gemooss ginn, zu El Granado un der spuenesch-portugisescher Säit waren et 41 Grad. E Samsde sinn an dësem Raum knapp 42 Grad erreecht ginn, genee wéi och haut.
D’Aussiichten
Fir muer e Méinde gi vu Sevilla aus bis erop op Cordoba 42 Grad berechent, eppes driwwer ass net ausgeschloss. Méi wäit nërdlech, am Raum Don Benito, sinn och ëm 40 Grad ze erwaarden. Un der Grenz zu Portugal ginn och d’42 Grad an d’Viséier geholl. En Dënschde verlagert sech den Hëtzt-Schwéierpunkt méi wäit an den Osten, Sevilla ass awer ëmmer nach mat dran. Zu Villamartin, Osuna, Cordoba, Jaén a Linares sinn tëscht 40 an 42 Grad ze erwaarden.
De Maximum kéint dann de Mëttwoch optrieden, fir deen knapp nërdlech vun Osuna esouguer 43 Grad berechent ginn.
An den Deeg drop bleift et immens waarm, et bleift awer gréisstendeels bei knapp ënner 40 Grad.