Spuenien & Portugal: Hëtztwell mat 40 Grad an driwwer mécht sech breet

Déi éischt Hëtztwell vum meteorologesche Summer (mee net vum Joer) mécht sech iwwer Spuenien a Portugal breet. Dobäi gëtt et ongewéinlech waarm fir d’Joreszäit.

Titelbild: Michael Weber

Ongewéinlech waarm

Temperaturen, wéi se an de nächsten Deeg wäerten an Deeler vu Spuenien a Portugal gemooss ginn, ginn et normalerweis eréischt sou am spéidere Juni oder och vum Juli un. Elo schonn maache sech awer immens waarm Loftmassen aus Afrika a Richtung Norde breet a suergen domat fir eng markant Hëtztwell. Iwwerdeems den amerikanesche GFS fir ronderëmt de 15. Juni mat enger kuerzer Berouegung rechent, ass den europäeschen ECMWF bis de 19. Juni inclus onënnerbrach mat markanter Hëtzt ënnerwee.


D’Temperaturanomalie iwwer Spuenien an Deeler vu Portugal klëmmt op 12 Grad a plazeweis driwwer. | Grafik: wxcharts.com

Iwwert de Weekend ass besonnesch iwwer Zentralspuenien, mee awer och dem ëstlechen a südleche Portugal mat Temperaturanomalien vu bis ëm 12 Grad ze rechnen, a Richtung nächst Woch kéint sech dës Zuel am Norde vu Spuenien op ëm 16 Grad erhéijen, wat wierklech schonn eng Hausnummer ass. Dëst bedeit nämlech, dass d’Duerchschnëttstemperatur fir d’Joreszäit ëm dëse Wäert kann iwwerschratt ginn.

En Deel vun der Hëtzt soll sech, esou gesinn et op mannst mol déi aktuell Modellrechnungen, géint Mëtt nächster Woch ofkoppelen an a Richtung Mëtteleuropa zéien. Dozou kënnt awer nach e separaten Artikel.

Bis zu 40 Grad an driwwer

Déi ugekënnegt Temperature kommen an de genannte Géigenden ëmmer erëm mol vir, allerdéngs ass et fir d’Joreszäit schonn uerdentlech. Gëtt et esou waarm wéi verschidde Modeller et gesinn, da kéint eventuell och den een oder anere Rekord fir de Mount Juni geknackt ginn. Mee elo mol der Rei no.


D’Loftmassentemperatur op 1,5 Kilometer Héicht léisst et zou, dass 40 Grad a liicht driwwer op Buedemhéicht méiglech ginn. | Grafik: wxcharts.com

Fir haut um Freide gi sech zumools am südwestleche Spuenie Maximaltemperature vun tëscht 35 an 38 Grad erwaart, lokal och mol 39 Grad. Am Osten a Südoste vu Portugal sollen et tëscht 34 a 37 Grad ginn. Um Samsde gëtt et nach en Tick méi waarm, do gesinn d’Modeller nämlech d’Méiglechkeet op 40 Grad a plazeweis driwwer. Besonnesch betraff vun dëser Warscheinlechkeet sinn d’Ëmgéigende vu Badajoz, Merida, Herra Del Duque an Andujar. Am südlechen resp. südëstleche Portugal kann och mol punktuell un de 40 Grad gekrazt ginn.

E weideren Dag mat richteger Afenhëtzt gëtt et um Sonnden. Déi elo grad genannt Géigenden hunn zu der wäermster Zäit tëscht 40 an 42 Grad ze erwaarden, deemno wéi sinn och mol 43 Grad net ausgeschloss. Och am Süde vu Portugal ass d’Warscheinlechkeet fir Temperaturen, déi 40 Grad erreechen oder iwwertreffen, am Verglach zum Samsden e Stéck geklommen. Gutt 3 bis 6 Grad manner waarm soll et tendenziell ronderëmt den Donneschde ginn, an dréchenen Dicher ass dëst awer net.