Spuenien: Schwéier Onwiedere sinn ukomm

No dem éichten Update vum leschten Dënschden zu den Iwwerschwemmungen am Oste vu Spuenie sinn d’Onwiedere mëttlerweil ukomm. Wéi de Wiederdéngscht avamet mellt, sinn um Donnëschdenowend an an der Nuecht op de Freide schon iwwer 180 l/m² eroofkomm.

Schro Zoustänn duerch Iwwerschwemmunge gefaart

Nodeems et an der vergaangener Nuecht schon zu schwéieren Iwwerschwemmunge komm ass, reent et op den allermeechte Plaatze weider. Ganz schro betraff a weiderhin betraff wärte folgend Ëmgéigende sinn: Port de Sagunt, Castellon de la Plana, Benicassim, Alcossebre, Peniscola, Benicarlo, Vinaros, Sant Carles de la Rapita, La Senia, Culla, Vilafranca, Cantavieja, Gudar, Alcala de la Selva, Mora de Subielos, Rubielos de Mora, Sarrion, Barraques, Viver, Teruel, Cella, Santa Eulalia, Orrios, Albarracin, Bronchales, Libros…

Den eenzelne Modeller no ass mat iwwer 250 l/m² Reen ze rechnen, de franséischen AROME berechent souguer Quantitéite vun iwwer 400 l/m². Et muss wuel mat liewensgeféierlechen Zoustänn gerechent ginn. Et ass vu groussem Schued un der Infrastruktur auszegoen.