Spuenien: Wiedermodeller rechne mat 40 Grad an der nächster Woch

Sollten d’Wiedermodeller hirer Meenung bleiwen, da kënnen an der nächster Woch verschidden Abrëll-Rekorder net nëmmen touchéiert mee däitlech passéiert ginn.

Titelbild: Temperaturanomalie op 2 Meter Héicht fir de 27. Abrëll 2023 baséierend op de Klimawäerter vun tëscht 1979-2010.

Advertisement

Summer schonn méi laang ukomm

Am Südweste vun Europa ass et schonn zanter Wochen summerlech bis héichsummerlech. Elo an der nächster Woch sollen de Berechnunge no awer nach däitlech méi waarm Loftmassen aus Afrika de Wee bis a Spuenie fannen an d’Temperaturen däitlech an d’Luucht drécken. Et gëtt zwar iwwerall zimmlech waarm, mee virun allem iwwer Andalusien kënne nei Rekorder fir de Mount Abrëll erreecht ginn – an och an der Zäit drop soll sech, no e puer klengen Ënnerbriechunge vun der Loftstréimung, ëmmer erëm eng immens waarm südlech Stréimung kënnen astellen.

Den Temperaturverlaf

Iwwer Andalusien klammen d’Temperaturen an der neier Woch vun Dag zu Dag e Stéck méi héich. E Méinden ass mat tëscht 25 an 32 Grad ze rechnen, en Dënschde geet et mat maximalen 35 Grad schonn e gutt Stéck biergop. A Richtung Rekord geet et vum Mëttwoch un, do ginn fir d’Ëmgéigenden Linares, Cordoba, Palma del Rio, Sevilla, Dos Hermanas an Arcos de la Frontera Maxiamlwäerter vun tëscht 34 an 38 Grad berechent.

Den Dag mat der gréisser Warscheinlechkeet Rekorder ze knacken ass viruassiichtlech den Donneschden, fir deen am selwechte Beräich Temperature vun tëscht 35 a 40 Grad berechent ginn. Och méi wäit nërdlech am Raum Mérida si Wäerter bis 35 Grad méiglech, dat selwecht gëllt fir den äusserste Südoste vu Portugal am Raum Beja.


Déi immens waarm Loftmassen, déi an der neier Woch fir Rekorder kënne suergen | Grafik: wxcharts.com

Fir e Freide sinn dem momentane Stand no och knapp 41 Grad am Raum Palma del Rio méiglech.

Déi héchst bis ewell gemoossen Temperatur an engem Abrëll a Spuenien waren 37,4 Grad zu Murcia, de 9. Abrëll 2011. Nei Allzäitrekorder fir en Abrëll sinn also méiglech a sollten déi 40 Grad wierklech erreecht ginn, da wieren se och déi éischt 40 Grad déi jeemools an engem Abrëll am Land opgetruede sinn.