Stäerkst Hëtztwell zanter 2003: Bis zu 45 Grad a Frankräich erwaart!

Zumols Zentral- a Südfrankräich sinn am stäerkste vun der momentaner Hëtztwell betraff. Haut erwaart den offizielle franséische Wiederdéngscht Météo France, dass eng Rëtsch Allzäit-Rekorder kënne geknackt ginn. Et ass déi stäerkst Hëtztwell zanter 2003.


Alerte Rouge duerch d’Hëtzt – déi éischte Kéier iwwerhaapt

Météo France rechent haut um Freide mat historeschen Temperaturwäerter am Süde vu Frankräich. Besonnech betraff sinn d’Départementer Bouches-du-Rhône, Vaucluse, Gard an Hérault, wou d’alerte rouge gëllt – déi éischt, déi jeemols wéinst der Hëtzt erausgi gouf. Während der grousser Hëtztwell am August 2003, wou a Frankräich 10.000 Leit duerch d’Hëtzt ëmkomm sinn, gouf et am Warnsystem vu Météo France nach keng alerte rouge. Réicht am Joer 2004, no der grousser Hëtzt, gouf décidéiert, eng alerte rouge anzeféieren.

An de genannten Départementer rechent Météo France mat Temperature vun 42 bis 45 Grad a betount, dass eng Rei Allzäitrekorder gebrach kënne ginn. Déi héchst jeemols gemossen Temperatur a Frankräich gouf den 12. August 2003 un zwou Statiounen am Département Gard mat 44,1 Grad registréiert.

Kaart (c) meteoalarm.eu

Kaart (c) Météo France

Keng Schoul an 255 Gemengen, Regierung erkläert Klima-Noutstand

Am ganze Land sinn dem Ministère de l’Éducation Nationale no an 255 Gemengen d’Schoulen zou. An den mat der alerte rouge bewarnten Départementer ginn all sportlech Aktivitéiten an de Schoulen ofgesot oder op en aneren Datum verluecht. Dobäi kënnen d’Eltere fräi wielen, ob se hir Kanner an d’Schoul schécken oder net.

D’franséischt Parlament koum enger Fuerderung vun der “Fridays for Future”-Beweegung entgéint an huet de Klima-Noutstand ausgeruff.


D’Warnunge vu Météo France kënnt Dir Iech ënnert dësem Link ukucken